"Wir sehen hier Bilder von Pfaffenthal, Grund und Clausen, die ganz neu erscheinen und Schönheiten aufdecken, von denen die wenigsten unter uns eine Ahnung haben mochten. Wenn es sich nicht um Photographien handelte, wäre man versucht, das Kunstbild schöner zu finden, als die Natur."
An dëse Wierder beschreift ee Kritiker vun der Luxemburger Zeitung déi 11 Fotoen aus dem Album "Souvenir du Luxembourg". D'Photoe konnt een d'lescht Joer an enger Ausstellung vun der Nationalbibliothéik um Kierchbierg gesinn - zesumme mat enger Auswiel u Fotoen aus dem Noen Osten, déi aus engem aneren Album koumen.
Landschaftsfotoen aus der ganzer Welt
De Lien tëscht béiden Alben ass eigentlech just een indirekten - d'Fotoe goufe weder zum nämmlechten Zäitpunkt nach vum nämmlechte Fotograf geknipst a stamen och net all aus de Fonge vun der BNL. Wat béid Albe verbënnt ass de Numm "Francis Frith".
De gebiertegen Englänner Francis Frith huet seng professionell Karriär als Verkeefer vu Liewensmëttel ugefaangen, ier hie sech vun 1855 un ganz der Fotografie consacréiert. Seng éischt vun dräi Reesen an de Noen Osten ënnerhëlt hien 1856 - mat am Schlepptau huet hie seng Kamera an déi néideg Chemikalië fir d'Entwécklung vun de Fotoen.
"When I reflect upon the circumstances under which many of the photographs were taken, I marvel greatly that they turned out so well. It is truly marvelous that the results should be presentable at all."
D'Biller, déi hie vu senger Rees aus dem Orient publizéiert, hunn an England een immense Succès a maachen aus him ee vun de bescht-bekannte Fotografe vu senger Zäit. 1860 grënnt de Francis Frith dann d'Firma déi säin Numm dréit a laang Zäit Synonym fir qualitativ Landschaftsfotoen aus der ganzer Welt war. Et ass ee vun den éischten Editiounshaiser déi sech op d'Publikatioun vu Fotoe spezialiséiert huet. Dem Frith seng Devis war, déi beschte Fotografen ze engagéieren, déi d'Realitéit op eng éierlech Manéier erëmginn ouni d'Krittäre vu Qualitéit an Ästhetik ze vernoléissegen. Den europäeschen Normalbierger konnt esou duerch d'Welt reesen, ouni seng Stuff mussen ze verloossen.
Tourismus zu Lëtzebuerg ukuerbelen
Am Katalog vun der Firma fënnt een och 27 Fotoe vu Lëtzebuerg - geknipst vum George Wharton Simpson. 11 vun dëse Fotoe sinn 1880 hei am Land op de Maart komm an hu fir vill Begeeschterung gesuergt. Wéi de Claude D. Conter - Chercheur an Direkter vun der BNL - a sengem Bäitrag erkläert, war d'Hoffnung zu Lëtzebuerg grouss, unhand vun dëse Fotoen den Tourismus unzekuerbelen. Vum Misär deen am Pafendall, am Gronn an zu Clausen geherrscht huet gesäit een op dem George Wharton Simpson nämlech näischt:
"Die Herstellung seiner Ansichten wird den Besuch unseres Landes durch die Fremden befördern, welche die pittoresken Punkte unserer Landschaftsbilder auf ihren Wanderzügen sehen wollen, was in materieller Hinsicht für Luxemburg nicht ohne großen Nutzen ist, wie auch wirklich die Zahl der uns besuchenden Touristen jedes Jahr zugenommen hat."
Den Album "Souvenirs du Luxembourg" ass amfong just den Ophänkert fir de Francis Frith a säi Wierk virzestellen. Wien de Fotograf George Wharton Simpson war a wéi seng Rees duerch Lëtzebuerg ofgelaf ass, doriwwer gëtt een net vill gewuer. Vun de véier Artikelen, déi een am Katalog liese kann, behandelt just een den Album iwwer Lëtzebuerg. Déi aner dräi Texter dréine ronderëm dem Frith senge Reesen duerch den Orient an iwwerschneiden sech inhaltlech deelweis staark.
De Martin Barnes, Kurateur am Victoria and Albert Museum zu London, behandelt a sengem Bäitrag d'Entdeckung vun der Fotografie an d'Haaptentwécklungen déi am Laf vum 19 Joerhonnert am Beräich gemaach gi sinn. De Frith spillt an dësen Entwécklungen als éischte veritabele Fotospublizist keng onbedeitend Roll.
Fernweh - an Ortografiefeeler
D'Nadine Abel Esslingen geet hirersäits op déi orientalistesch Approche an déi am 19 Joerhonnert en vogue war an de Francis Frith a sengem Wierk beaflosst huet. Trotz sengem Bestriewen, een authentescht Bild vun der Realitéit erëmzeginn, presentéieren dem Frith seng Fotoen ee romantiséiert Bild vum Orient als eng Plaz an där d'Zäit stoe bliwwen ass.
De véierten a leschte Bäitrag staamt aus der Fieder vun der Chercheuse Julia Skinner, déi haut d'Fotoskollektioun vum Francis Frith verwalt. Hiren Text ass méi autobiographesch a beschreift notamment déi technesch a philosophesch Approche vum Francis Frith.
Den eigentleche Schwéierpunkt vum Buch sinn natierlech d'Fotoen. Souwuel dem George Wharton Simpson seng Klischeeën aus Lëtzebuerg wéi och eng Auswiel vum Frith senge Biller aus dem Noen Oste sinn am Buch reproduzéiert. Och hei läit de Fokus nees um Frith an op seng Reesen duerch Ägypten an Nubien. D'Zitater aus de Reessnotizen, déi d'Fotoen accompagnéieren, ginn een Abléck an d'Erliefnisser an un d'Aarbechtskonditioune vum Frith an hu sécherlech bei sou munchem Lieser fir Fernweh gesuergt:
"My experience of travel is that the further you can get from man in any appreciable sense, the higher rises the flood of mental and physical exhilaration."
Datt zu Lëtzebuerg och emol Sachbicher erauskommen, déi op Englesch sinn ass amfong luewenswäert. Schued sinn awer déi etlech orthografesch Feeler, déi besonnesch peinlech sinn, wann ee se an den Zitater vum Francis Frith erëmfënnt.