100,7-Klassesall Bilddiktat: D'Hong vum Dany Prum

Am 100,7-Klassesall gëtt et haut d'Opléisung vum Bilddiktat: mir kucken eis dat originaalt Bild un, a wat d'Kanner eis erageschéckt hunn. D'Kyra aus der Villa Vauban huet och déi nächst Aufgab fir eis!

Bild-Diktat
Foto: Bigstock / Yulia Petrova

Fänke mir u mat der neier Aufgab, déi d'Kyra aus der Villa Vauban presentéiert. D'Bild vun haut ass gemoolt gi vum Lëtzebuerger Kënschtler Corneille Lentz. De Corneille Lentz huet op dësem Bild seng Fra d'Marguerite a säi Jong de Robert gemoolt. Seng Famill war säi Liblingsmotiv fir op seng Biller.

Lauschtert dem Kyra seng Aufgab

Mir sinn esou gespaant, wat dir elo op äre Blieder hutt. Schéckt eis är Zeechnungen eran!

Schéckt eis är Biller op klassesall@100komma7.lu oder direkt iwwer WhatsApp op 621 44 00 44


Hei ass d'Opléisung vun eisem éischte Bilddiktat, wat d'Dany Prumg gemoolt huet:

Vill Kanner hunn eis hir Biller erageschéckt, déi mir iech hei presentéieren:

Eliott

Cornelia, dem Lorena seng Mamm

Lorena

Elena Jean

Aurélie

Emma

Méi zum Thema

eidele Klassesall
100,7-Klassesall

D'Julie Treff aus dem Luxembourg City Museum verréit eis, wien de berüümtste Lëtzebuerger war, mir begéinen enger Bommelkinnigin, maachen en Experiment mat Waasser a schreiwe weider un eisem Roman.

Klasseraum
100,7-Klassesall

Am zweeten Dag vun der radio 100,7-Schoul gi mir mam Carmen an den natur musée op d'Spuere vu gëftegen Déieren, d'Renée Weber erzielt eis eng Geschicht vun der Ann Spann an nach villes méi.

Molen
100,7-Klassesall

Am 100,7-Klassesall presentéiere mir en Diktat, awer keent mat Buschtawen a Sätz, nee, mir molen e Bild. Blat a Bläistëfter prett? D'Kyra Thielen vun der Villa Vauban diktéiert.

Den Elias, de Sami an de Patrick Michaely
Emissioun fir Kanner

Mam Roland Meyer schreiwe mir haut e Buch, mam Patrick Michaely entdecke mir de Stärenhimmel. De Maurice Molitor erkläert, wou d'Wuert Quarantän hierkënnt, mir maachen en Experiment mam Mister Science a villes méi.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen