Mobilitéit Autonom Navetten - e Bilan

Automatesch, gréng an och europäesch sollt den Transport zu Lëtzebuerg ginn. Zanter engem Joer fueren déi autonom an elektresch Navetten am Pafendall an zu Contern. Bedriwwe ginn se hei am Land vu Sales-Lentz. Sou ganz autonom sinn se nach net - nach fueren Operateure mat. Mee net nëmmen dat verhënnert d'Experienz vun engem voll automateschen a prakteschen Transportmëttel. E Bilan.

Cyrille Hill / cbi

Autonom Navett
Déi autonom Navett fiert de Moment mat 15 Stonnekilometer. Foto: h2020-avenue.eu

Virum Funiculaire kënnt déi automatesch Navette un, déi virun engem Joer am Kader vum europawäite Projet AVENUE presentéiert gouf. Ganz autonom ass se nach net. Een Operateur seet eis beim Eraklamme Moien, deen aus gesetzleche Grënn ëmmer matfuere muss a bei technesche Problemer mat enger Manette manuell fuere kann.

Och zu Lyon, Kopenhagen a Genf sinn déi kleng Navette mat eelef Sëtzplazen ënnerwee. No engem Joer goufe ronn 15.000 Benotzer gezielt, dorënner och vill Touristen.

Maximal 15 Stonnekilometer

Um Tour vum Lift bis zum Sichenhaff an zeréck bleift d'Navette da puer Mol abrupt stoen. Autoen iwwerhuelen, wat dozou féiert, datt se bremst. Wéi den Tram warnt d'Navette mat engem Toun, wa se ongewollt bremst, wat dacks passéiert. Ee Resident seet, datt dëst Geräisch d'Leit nerve géif. "Et ass nerveg, wann déi Navett zimlech lues virun engem fiert, an et kann een net ëmmer iwwerhuelen."

D'Navette fiert momentan mat enger Vitesse vu 15 Stonnekilometer. Lues a lues soll se erhéicht ginn. Riichtaus fiert d'Navette och mat där Vitesse. An de Kéiere misst dann awer dacks manuell mat der Manette gehollef ginn, wat se weider ausbremst.

Beim autonomen Dréine schruppt d'Navette dann och eng Kéier d'Mauer beim Sichenhaff. Fir déi ronn 500 Meter Distanz tëscht Lift a Funiculaire kann een och ze Fouss goen, fënnt eng Awunnerin.

D'Entwécklung ass nach net ofgeschloss

De Georges Hilbert, Generaldirekter vu Sales-Lentz, betount, dat scho vill am Laf vum Joer verbessert gouf. Nieft dem Bremsverhale gehéiert dozou och d'Fuerverhalen, dorënner d'Verhale vun der Navett bei Zebrasträifen.

"Déi Iwwerwaachung, déi ronderëm d'Navett geschitt a mat deenen Donnéeën d'Navett d'Fuerverhale steiert, iwwerall do goufen et an deene leschten 12 Méint Verbesserungen", esou de Georges Hilbert.

Den autonomen Transport ass d'Zukunft

Och de Patrick Goldschmidt, Schäffe vun de Stad Lëtzebuerg ënnersträicht, datt d'Navett an deene leschte Méint besser gelaf ass an datt un de Problemer geschafft gëtt. Hien ass dovunner iwwerzeegt, datt ëmmer méi Leit den autonomen Transport notze wäerten.

D'Technik kann och elo scho Chauffeuren an hirem Aarbechtsalldag ënnerstëtzen, sou de Mobilitéitsschäffen: "Zum Beispill, wann de Buschauffer an den Hangar zeréck fiert an e klëmmt eraus, datt d'Navette autonom dohi fiert, wou se gewäsch oder wou se a Previsioun geet".

Et ass wichteg, d'Navett ze testen

Bei alle Problemer wier et awer wichteg de Projet op der Strooss ze hunn. Wann een autonomen Transport weiderentwéckele wëllt, da misst een d'Navette an de Verkéier abannen, och wa se dee momentan nach stéiert, fënnt de Patrick Goldschmidt: "Et muss een awer soen, datt wa mir an zéng, 15 Joer wëllen autonom verschidde Strecke fueren, da kënne mir net soen, mir fueren net an der Spëtzenzäit, well et ass villäicht déi Zäit, wou déi meeschten se brauchen."

Et dierft een sech der Innovatioun net verschléissen. Iergendwann wier autonom Mobilitéit eisen Alldag, dovunner ass de Stater Schäffen iwwerzeegt. Bis dohi bleift d'Navette op alle Fall eng Touristenattraktioun.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Patrick Goldschmidt
Mobilitéit

Den 13. Mee gëtt ugefaangen, d'Tramsschinnen tëschent der Paräisser Plaz an der Gare verluecht ze ginn. Den Tram gëtt bei de Leit ëmmer méi beléift, seet de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

Reparaturen am neien Tramschapp
Réckbléck

Den Tram huet an engem Joer bal 4,6 Millioune Passagéier transportéiert. Haut fueren am Duerchschnëtt 23.000 Leit pro Dag mam Tram, seet den André Von der Marck, Generaldirekter vun der Bedreiwergesellschaft Luxtram.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen