News for Kids
A Westeuropa - dozou gehéiert Lëtzebuerg - wier d'Situatioun ronderëm de Coronavirus aktuell ënner Kontroll. Dat war virun e puer Deeg d'Ausso vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Dat ass déi Organisatioun, déi d'Gesondheet vun alle Bierger an der ganzer Welt am A huet. D'Sophie Morang erkläert hir Aufgab.
Buttini Eric-30 Joer Hubble
Haut ass e ganz besonnesche Gebuertsdag, an deen huet eppes mam Weltall ze dinn. Den Eric Buttini aus dem natur musée an den Nicolas schwätzen iwwer den Hubble. A wat ass dat dann?
Mam MNHA ënner den Teller kucken
Kanner, kéint dir iech virstellen, an engem Musée ze schaffen, wann dir Grouss sidd? Verschiddener mengen, do wier et net interessant. Ma, d'Katia Schrobiltgen ass am Nationalmusée um Fëschmaart am Beräich Vollekskonscht a Konschthandwierk aktiv, an hiren Job schéngt nawell richteg spannend ze sinn.
Dozou gehéiert zum Beispill och, Telleren ëmzedréien. An dat wëllt d'Katia Schrobiltgen elo mat iech zesumme maachen.
Loftballon an der Mikrowell opblosen
Ze liddreg fir de Loftballon selwer opzeblosen? Oder Loscht fir är Geschwëster, Mamm oder Papp mat engem Trick ze iwwerraschen? Da kroopt iech séier e Loftballon, en Téiläffel a maacht iech bei d'Mikrowell.
De Joseph Rodesch erkläert eis nämlech, wéi mir e Ballon ganz ouni dran ze blose kënnen opblosen.
Beethoven an der Kichen
Dëst Joer feiert d'Musekswelt dem Ludwig van Beethoven säin 250. Gebuertsdag. Wie kennt se net? Déi monumental a weltbekannte Melodie "Freude schöner Götterfunkenaus" der 9. Sinfonie. Eis Europahymn!
Fir den Challenge Beethoven an der Kichen sicht d'Ekipp vu mimamu déi schéinsten, originellsten a witzegsten Interpretatioune vun dëser schéiner Musek.
Alles wat et an der Kiche gëtt, kanns du dofir benotzen. Op Glieser oder Fläsche schloen, mat Läffelsgeschier an Dëppen e Rhythmus spillen, den Text sangen oder eng Choreographie erfannen; alles ass erlaabt. Looss denger Fantasie fräie Laf.
An dësem Video fënns du Beispiller, Iddien a weider Informatiounen. Hei fënns du Playbacks, d'Melodie, den Text a villes méi, wat s du fir den Challenge brauchs.
Huel deng Kompositioun op, mam Handy, Laptop, Mikro, oder wat s du doheem hues.
Schéck duerno deng Opnam (Toun oder Video) dann iwwer wetransfer.com op info@mimamu.lu bis de 4. Mee 2020.
D'Gewënner ginn op schouldoheem.lu kommunizéiert.
Lo ass et un dir, weis wat s de kanns!
Betsy Dentzer - Hodscha Nazreddin Deel 2
Gëschter hat d'Betsy Dentzer dem Nasreddin Hodscha seng Geschicht vum schwangeren Dëppen erzielt. Mee se war nach net ganz fäerdeg. Nu lauschtert emol, wat geschitt ass, nodeems den Noper Aldemir mat zwee Dëppen heem gaange war.