arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marion Thill

Am Gespréich

|
reading time

2 min

Marion Thill

De Marion Thill ass Piercer a Besëtzer vun engem Tattoo-Studio an hien ass Vize-President vun der Hair, Beauty and Tattoo Guild zu Lëtzebuerg. Hien ass also Kënschtler, war awer och eng vun de Stëmme vum Pirateradio RFM an den 1980er, DJ am Lëtzebuerger Nuetsliewen an hien ass nach ëmmer Museker. Statioune vun senger Karriär als Museker hei am Land waren ënner anerem d'Surf Cowboys, Clean State an Neo Tokyo.

reading time

2 min

Wéi steet de Secteur vun den Tattoo-Studioen no sechs Méint Corona-Pandemie wirtschaftlech do?

play_arrow Deel 1 vum Gespréich mam Marion Thill


Wéi huet de Marion Thill d'Re-Ouverture vun den Tattoo-Studioen, Coiffeurssalonen a Beauty-Instituter erlieft a wat sinn d'Echoen aus dem Alldag vun de Membere vun der Confederatioun?

play_arrow Deel 2 vum Gespréich mam Marion Thill


An den 1980er Jore war de Marion Thill eng vun de Stëmme vum Piratesender RFM.

play_arrow Deel 3 vum Gespréich mam Marion Thill

play_arrow Deel 4 vum Gespréich mam Marion Thill


Eng vum Marion senge ganz grousse Leidenschaften ass d'Musekmaachen.

play_arrow Deel 5 vum Gespréich mam Marion Thill


Am Gespréich heescht déi nei Talk-Emissioun um radio 100,7. All Woch léiere mer hei eng Perséinlechkeet aus dem Grand-Duché besser kennen. De Rendez-vous ass vu méindes bis freides um 12:40 a sonndes proposéiere mir Iech dann dat ganzt Gespréich.