Aktioun 20.000 Kilometer Vëlo géint de Klimawandel

Vill Leit maache sech vläicht Suergen ëm de Klimawandel, mee déi wéinegst si bereet, sech wierklech anzeschränken. An da ginn et esou Mënsche wéi d'Teresie Hommersand, eng 34-järeg Norwegerin. Si fiert zanter dräi Joer mam Vëlo vu Kapstadt op den Nordkap vu Norwegen, fir net mam Fliger ze fléien. D'Sarah Pepin huet d'Cyclistin op engem Tëschestopp zu Berlin getraff.

Sarah Pepin / cz

Teresie
D'Teresie Hommersand aus Norwegen

D'Liewe leeft dacks net esou, wéi een et plangt. Ufangs sollt d'Teresie Hommersand nëmme sechs Méint zu Kapstadt a Südafrika wunnen, fir en Auslandssemester vu senger Uni. Mee et si sechs Joer draus ginn, an deenen si hire Master a Politikwëssenschafte gemaach huet an do am Beräich vum Ëmweltschutz geschafft huet. De Klimawandel anzedämme war ëmmer e wichtegen Deel vun hirer Aarbecht.

Mee wéi kënnt een op d'Iddi, 20.000 Kilometer eleng mam Vëlo heem a Norwegen ze fueren?

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Sarah Pepin
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Vëlo fueren
Gesellschaft

D'Corona-Kris huet eng grouss Demande ausgeléist, zäitgläich goufen et Engpäss bei de Produzenten. D'Corona-Kris huet ee reegelrechte Rush op Vëloen ausgeléist. Och zu Lëtzebuerg sinn d'Händler an d'Clienten dovunner betraff.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen