Mobilitéit "1000 km Lëtzebuerg" zu Fouss an um Vëlo

Den neien CFL-Guide "1000 km Lëtzebuerg" (och wann et der liicht méi sinn), proposéiert Trëppelweeër a Vëlostoure vu Gare zu Gare. Et ass eng verbessert an erweidert Ausgab am Verglach zu fréieren Ausgaben, baséiert op enger Zesummenaarbecht tëscht dem Wirtschaftsministère - der Direction générale du Tourisme, der CFL an den Éditions Guy Binsfeld.

Cléo Thoma / fa

Mountain biking down hill descending fast on bicycle. View from bikers eyes.

Zu Lëtzebuerg ginn et ëm déi 5000 Kilometer Trëppel-Weeër. Alleng iwwert de beléifte Mëllerdall-Trail ginn all Joer 80.000 Leit spadséieren. D’Land zielt och 613 km Vëlospisten a bis 2021 soll d’Netz op 838 Kilometer ausgebaut ginn. Deen Ausbau ass der Regierung aacht Milliounen Euro d'Joer wäert.

Fir datt Lëtzebuerg als Touristendestinatioun attraktiv bleift brauch et gutt Infrastrukturen an d’Informatiounen dozou mussen à Jour sinn.

E Guide vu Gare zu Gare

Déi grouss Neierung mam neie Guide ass, datt kee vun den Tier méi en Boucle ass, mee et geet vu Gare zu Gare an zwar a béid Richtungen. All Tour ass mat Kaart, Text-Beschreiwung, Fotoen, Kilometrage an topographescher Duerstellung dokumentéiert.

De Guide, an dräi Sproochen, funktionéiert awer nëmme wann och d’Signalisatioun um Terrain stëmmt. Dofir wier een och op d’Leit ugewisen, déi d’Weeër benotzen, sou d’Francine Closener.

Traditionell oder GPS

Ee Randonneur hëlt wuel nach dacks eng Kaart an de Grapp, déi meescht Cycliste luede sech hir Strecken awer op de GPS.

Méi modern geet awer och: wéi den Thomas Schoos vu Binsfeld erkläert, kéint een ënnert anerem och mat ‘qr-codes’, iwwert de Geoportail, déi genee GPS-Coordonnéeën op den Handy huelen.

Quantitéit oder Qualitéit

Eng Rei Strecke sinn allerdéngs net integral ze befueren. Sou zum Beispill d’Strecke Lëtzebuerg-Iechternach-Waasserbëlleg, op där de Vëloswee tëscht Ernster a Gonneréng zou ass. Zum Deel wiere Gemenge fir d’Maintenance zoustänneg. Fir gréisser Aarbechten wieren et d’Ponts et Chaussées.

Donieft wier et sënnvoll eng Strecke Ëlwen-Ettelbréck ze schafen. Wéi de President vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ, de Gust Müller erklärt, kéinte Cyclisten, déi vun Oochen op Lëtzebuerg kommen am Moment nämlech zu St. Vith iwwert belsch oder däitsch Velosweeër Lëtzebuerg ëmfueren.

Wier et net méi sënnvoll, iert een d’Vëlosweeër ausbaut, dofir ze suergen, datt déi di bestinn och an der Rei sinn? Op d’Fro, ob Qualitéit net besser wier wéi Quantitéit, äntwert d’Francine Closener “Et ass natierlech ëmmer schued wann esou eppes virkënnt, mee ech mengen déi [Ponts et Chaussées] sinn och bestëmmt dankbar fir en Tipp ze kréien, wéi si dat nach kënnen an Zukunft besser maachen.”

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / /
Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen