Dock in absolute Zweeten Album: Unlikely

"Unlikely" wéi "Aneschters" wéi den éischten Album, esou ass d'Konzept an de Sound vum zweeten Album vun Dock in absolute, dem seng offiziell Release zu Paräis den 18. Mee gefeiert gouf.

Manuel Ribeiro / cbi

Dock in Absolute

"Eng offiziell Lëtzebuerger Release ass nach net geplangt", seet de Jean-Philippe Koch, Pianist an och de Komponist vum Trio Dock in Absolute, "mee dat wäert nach kommen".

Den 18. Mee 2019 ass och de Start vun enger grousser Tournée fir den Trio, dee vu Paräis, dann a Japan, iwwer Ungarn, Belsch, Frankräich, mee och nees am Summer an d'USA féiert. Am Hierscht soll den Jazztrio dann awer nees hir Tour weiderféieren, virun allem an den ëstleche Länner. "Eng indesch Tournée an och nach aner Datumen, déi ech net verroden dierf, sinn dru geplangt ze ginn", esou weider de Jean-Philippe Koch am Blue Note vum 20. Mee 2019.

Deen eenzege Lëtzebuerger Concert, dee bis ewell virgesinn ass, ass am Kader vun der Fête de la Musique de 14. Juni, op der Place Clairefontaine.

Den zweeten Album "Unlikely": méi däischter am Klang

Den éischten Album vun Dock in Absolute 2015 war direkt en Erfolleg, an d'Band konnt domat vill am Ausland optrieden. De Succès war esou grouss, datt se vu MusicLX 2017 als Export Artist of the Year, ausgezeechent gouf.

Zéng Titele goufen op deem zweeten Album vum Dock in Absolute agespillt, déi och schonn am Stil anescht kléngen, wéi um éischten Album.

"D'Musek huet sech e bëssen developpéiert, ass e bëssen anescht ginn. Wat genee? Dat sinn als éischt emol méi Effekter um Bass. Den David benotzt méi elektresch Effekter, et ass net méi esou akustesch. Ech bleiwen awer akustesch um Piano, dat hat ech scho vun Ufank u Wëlles. Och de Mich Mootz benotzt méi akustesch Effekter, metallesch kleng Accessoiren. Dat heescht, de Klang huet sech schonn e bësse geännert.", esou de Jean-Philippe Koch.

Am Interview verréit de Pianist weider, datt alles am Opus "Unlikely" e bësse méi däischter kléngt wéi um éischten Album, e bëssen wéi d'Bild um Cover vun der CD: an enger Aart alen düstere Schapp entdecke mir en delabréierte verloossene Piano.

Den Trio Dock in Absolute setzt sech zesumme aus dem Pianist Jean-Philippe Koch, dem David Kintziger aus der Belsch um Bass an dem Michel Mootz op der Batterie.

E véierte Museker gëtt et och nach: den Nate Wong, e Batteur aus Hong Kong, diploméiert um Berklee College of Music. Hie spréngt an op de Concerte fir de Michel Mootz, wann dee verhënnert ass.

De Jean-Philippe Koch war beim Manuel Ribiero am Studio fir den zweeten Album vun Dock in Absolute, virzestellen:


Weider Infoe fënnt een op www.dockinabsolute.com

An der Mediathéik:

Blue Note / / Manuel Ribeiro
Lauschteren

Méi zum Thema

Marly Marques Quintett - Sea CD Change
Zwou CD Releasen a vill Concerten am Land

Den drëtten Disk vum Marly Marques Quintett gëtt de 17. Mee am Kader vum Like a Jazz Machine 2019 am Kulturzenter Opderschmelz zu Diddeleng virgestallt. Si waren eis Invitéen am Studio.

ÆM am Studio vum 100,7
Nei Musek vu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg kënnt mëttlerweil quasi all Dag nei Musek eraus. Haut presentéiert déi jonk Sängerin a Produzentin ÆM hiren éischte Song. "City Ties" ass en elektronesche Popsong, dee kristallkloer, fragil an intimistesch ass.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen