Chouergesang Zwee Puer Schong?

Am Kader vun der Emissioun Musek am Gespréich huet sech de Marc Dostert ënner anerem iwwer Inkonsequenzen am Domän vum Chouergesang geiergert. Als Dirigent souwuel vun der Maîtrise vun der Kathedral wéi och vun der Chorale Mixte vum Stater Conservatoire ass hie mat zwou ënnerschiddleche Situatioune konfrontéiert. Wärend d'Maîtrise weiderhi prouwen dierf, ass den Ensembelgesang am Conservatoire ofgesot.

Wat stécht hanner dëser Situatioun? Wisou ginn et fir eng an déi selwecht Aktivitéit zwou verschidde Reegelen? Mir hunn nogefrot.

Luc Boentges

Marc Dostert
Wärend d'Maîtrise den Ament prouwe kann, sinn d'Chéier an de Museksschoulen suspendéiert (Foto: Archiv)

Wa sech Chéier un déi sanitär Mesuren halen, déi en Place sinn, kënne se sangen. D'Chéier vun de Museksschoulen a Conservatoiren sinn den Ament allerdéngs op Recommandatioun vun Educatiounsministère inaktiv. Gläichzäiteg kann an de Museksschoulen awer am Kader vun der Formation musicale am Grupp gesonge ginn. Wisou ass dat esou?

Et hätt eppes mat der Zilsetzung vum Educatiounsministère ze dinn, seet de Gilles Lacour, Commissaire à l'enseignement musical. An enger Grondschoul oder engem Lycée wier d'Zesummesetzung vun de Klassen quasi ëmmer déi selwescht. An de Museksschoulen a Conservatoire kommen do dergéint vill Schüler aus verschiddene Gemengen a Schoulen zesummen. De Brassage wier hei méi grouss, seet de Gilles Lacour. Fir z'evitéieren, datt do zousätzlech verschidde Leit mateneen a Kontakt kommen, géif ee sech op d''Haapt-Branchen' konzentréieren.

Haaptfächer esou laang wéi méiglech garantéieren

Et géif een dofir recommandéieren d'Fächer, déi net zu dësen 'Haapt-Branchen' gehéieren, ze suspendéieren, fir: "[...] datt mir déi aner Coursen quasi esou laang wéi méiglech kënnen einfach oploossen, an och garantéieren, datt d'Schüler un deene Course kënnen deel huelen."

Deementspriechend gëtt am Educatiounsministère net op d'Chouersangen isoléiert gekuckt, mä méi generell op d'Aktivitéit als, fir d'Weiderkommen am musikalesche Schoulparcours, net essentielle Gruppecours. Déi selwescht Recommandatioun betrëfft dofir och aner Ensembelen, wéi zum Beispill d'Orchesteren. Déi Fächer, déi der Base réglementaire vum Enseignement musical no Plichtfächer sinn, géif ee primär funktionéiere loossen. An dozou gehéiert och d'Formation musicale.

Zwee Cas de figure

Op d'Chéier ausserhalb dem Enseignement bezunn, misst een d'Situatioun differenzéiert kënne betrueschten, seet de Gilles Lacours. Et géif sech ëm zwee komplett verschidde Cas de figure handelen. Och wann d'Aktioun déi selwescht wier, wier den Ursprong een aneren.

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Luc Boentges
Lauschteren

Méi zum Thema

Pascale Seil
Klangbiller

An der Pascale Seil hirem Atelier zu Bäerdref schéngt ëmmer d'Sonn. Zanter 95 ass d'Pascale Seil indépendant a schafft zu Bäerdref mat dëser leefeger transparenter Matière. Den Jamie Reinert ass e puer Téin afänke gaangen.

Jean Muller
#beethoven20

De Jean Muller analyséiert, wéi de Ludwig van Beethoven seng Pianossonaten op en Enn bruecht huet. Nieft Tounbeispiller stinn och déi lescht Sätz vun de Sonaten Nr. 30 an Nr. 31 um Programm.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen