Klassik CD-Tipp: Absolute Jest / Grand Pianola Music Widderhuelung mécht Spaass

Nach laang net jidderengem huet dem John Adams’ säin näischtnotzegen Ëmgang mam Beethoven senger Musek 2012 bei der Première vun „Absolute Jest“ gouttéiert. Dobäi ass de Komponist guer net respektlos vis-à-vis vu sengem groussen Idol. Seng Musek ass kee rustikalen, vulgäre Spaass, mee éischter ee witzege Clin d’oeil, deen erlaabt muss sinn.

Guy Engels

sfsmedia_adams__cover[1].jpeg

Den John Adams ass ee Komponist mat Esprit. „Absolute Jest“ ass ee fantasievollt, intelligent Spill mat Beethoven-Zitater – ee pure Genoss vun der éischter bis déi lescht Nout. Sielen huet ee sech esou wéineg bei Widderhuelunge gelangweilt. De Michael Tilson Thomas bréngt et fäerdeg, d’Motorik vum John Adams senger Musek  mat flotten Timberen, nuancéiert a vital a Klang ëmzesetzen. Déi ongewinnte Constellatioun vu Symphonieorchester a Sträichquartett ergëtt hei eng ganz natierlech Symbios.

„Grand Pianola Music“ frësch bliwwen

Tëscht „Absolute Jest“ an der „Grand Pianola Music“ – dat zweet Wierk op dëser CD – leie gutt a gären 30 Joer, een Ënnerscheed, vun deem an dëser Opnam näischt ze spieren ass. D‘“Grand Pianola Music“ kléngt esou frësch ewéi "eh und je". Et spiert een däitlech, datt de Michael Tilson Thomas a säi San Francisco Symphony Orchestra beschtens mam John Adams senger Musek vertraut sinn. Dat erlaabt hinnen eng onkomplexéiert Approche, an deementspriechend spillen se virun allem mat ganz vill Freed a Spaass.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen