Album vun der Woch Wëllkomm am Intendram

D'Formatioun International Music presentéiert op hirem zweeten Album "Ententraum" Ruhrpottromantik an éischter ongewéinlech Dramfantasien. Véier Joer no hirem Debut beweise si, datt den Hype méi wéi gerechtfäerdegt ass.

Max Tholl

International Music
Déi däitsch Formatioun International Music. Foto: Harriet Meyer

Wéilt een den neien Album vun der Essener Band International Music a beschter kichenpsychologescher Manéier analyséieren, misst ee wuel beim Stéck "Der Traum der Ente" ufänken, dat och den Albumtitel "Ententraum" inspiréiert huet. Am Lidd, eng Mëschung aus Noiserockelementer an dadapoetesche Lyrics, geet et ëm eng Int, déi - villäicht jo stellvertriedend fir d'Band - op eng surreal a spirituell Rees geet. An der Dramdeitung symboliséiert d'Int Wuelstand an Erfolleg, kann awer och fir d'Schwieregkeeten an d'Obstakelen um Wee dohinner stoen.

Perfekt also fir den zweeten Album vun enger Band, déi sech mat hirem Debut "Die besten Jahre" 2018 op déi iewescht Hypestuf vum däitsche Popgeschäft gespillt huet an elo do uknäppe wëll. Mee souvill Interpretatioun loossen International Music guer net zou. Villméi wieren si sech och um néien Album mat alle Waffe vun der Ondäitlechkeet géint Deitungsversich, déi hei ofpärele wéi d'Waasserdrëpse vum Fiederkleed.

Fräi Hand...

Deen net onbedéngt Search Engine Optimiséierte Bandnumm ass beim Essener Trio Programm. "Ententraum" strotzt nëmmen esou vu musikalesche Referenzen a léisst Genregrenze kollabéieren: hei treffe Krautrockkläng op Progrockgittaren, Tropicalia op Post-Punk, Neue Deutsche Welle op Neue Deutsche Härte. Gedroe ginn déi 17 Lidder vum Harmoniegesang, dee schonn den éischten Album dominéiert huet.

An engem Statement zum neien Disk heescht et, International Music wieren eng - Zitat - "héichmusikalesch Punkband". Dat passt iergendwéi ganz gutt zur Bandgrënnung am Joer 2015, bei där de Batteur Joel Roter, eigentlech ee bildende Kënschtler, eréischt ugefaangen huet säin Instrument ze léieren. Seng zwee Matmuséker de Peter Rubel an de Pedro Goncalves Crescenti sinn iwwerdeems och mat hirem Nieweprojet The Düsseldorf Düsterboys erfollegräich ënnerwee.

...de Museker an den Interpretatiounen

Datt et bei International Music ganz demokratesch zougeet ënnersträicht de Song "Kopf der Band - Pedros Version" um neien Album, nodeems um leschten Disk schonn déi zwee aner Bandmemberen hier eege Versioun vun dësem Song zum Beschte ginn hunn. "Komm her du allerfeinster Untschied und mach es dir bequem, vielleicht findest du ja hier ein funktionierendes System" heescht et hei. Et schéngt wéi wann International Music hiert scho fonnt hunn.

D'Songs vun International Music charakteriséieren sech duerch Lyrics, déi tëschent skurriller Alldagspoesie a sprochverléifter Nonchalance hin an hier schwanken a souvill Interpretatiounsspillraum loossen, wéi den ugeschwatenen Intendram. Wéi si am Song "Misery" sangen: "Die Sprache ist eklektisch". Keng politesch Metanarrativen oder linear Erzielungen, mee d'Geschichten a Gedanken dertëschent dominéieren "Ententraum". Dat ganzt zerwéiert mat engem gudde Schoss Ruhrpott-Romantik a Biedermeiernostalgie. Och wann International Music op hirem leschten Album déi bescht Jore sënngeméiss fir eriwwer erkläert hunn, beweist "Ententraum", datt dës fir den Trio nach eng Zäitche wäerten undaueren.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Max Tholl
Lauschteren

Méi zum Thema

Field Music
Field Music - Flat White Moon

Trotz Trauer invitéieren d'Gebridder Brewis op "Flat White Moon" op optimistesch a kniwweleg Pop-Musek. Hir Musek ass bis an de leschten Detail arrangéiert a mat sëllege Stëmmharmonië bestéckt.

Orions Belte
Album vun der Woch: Dräi Stären, an eng global Visioun vu Musek

"Musek, déi d'Liewe méi einfach mécht" liest een an de YouTube-Commentairen bei engem Video vun den Norweger Orions Belte - an et hätt ee Loscht mat ze ënnerschreiwen. Der Band hiren zweeten Album "Villa Amorini" ass eisen Album vun der Woch.

Dry Cleaning
Dry Cleaning - New Long Leg

D'Post-Punk-Formatioun Dry Cleaning liwwert mat "New Long Leg" e wonnerschéi skurrilt Pandemie-Dokument, dat op onerwaarte Plaze geet. En Abléck an déi gro Matière vun enger gelungener a ganz Band.

Lost Girls
Lost Girls - Menneskekollektivet

Mat hirem Nieweprojet Lost Girls bleift déi norwegesch Klangkënschtlerin Jenny Hval hirer experimenteller Säit trei. Existenzphilosophie trëfft hei op Raveparty a verzerrte Gittaren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen