Gespréich mat "The Good, the Bad and the Queen" Wat fréier alles net besser war
De Brexit steet virun der Dir. "The Good the Bad and the Queen" hunn hir Impressiounen zum Thema d'lescht Joer op "Merrie Land" kënschtleresch zum ausdrock bruecht. Den Damon Albarn, ex-Frontmann vu Blur a Kapp hanner Gorillaz, an de Paul Simenon, Punk-Rocker vun der éischter Stonn erklären, firwat England haut op si wéi ee "Merrie Land" wierkt, en almoudescht Lala-Lulu-Land.
"All déi räich Leit vun Eton (eng Eliteschoul and England), déi elo eist Land regéieren, an hir Usiichten, hu mir probéiert, op dëser Plack an abstrakt Ablécker ze verwandelen", see den Damon Albarn. "Et ass eng Art imaginéiert Géigewart voll mat surrealisteschen Elementer."
Eist Gerpéich mat The Good, the Bad and the Queen:
D'Iddi vu wou een hierkënnt wier e wichtegt Thema um Album. D'Englänner misste sech d'Fro stellen, ob si den europäeschen Optimismus deele wéilten, oder léiwer zum 53. Bundesstaat vun de Vereenegte Staate wéilte ginn. Dem Paul Simenon sinn als fréiere Bassist vun the Clash politesch Sujeten net friem. Hie gesäit den Album als eng Kritik un der Nostalgie. "Déi Iddi, datt d'Saache fréier besser waren. Mee dat ass just de rosa roude Brëll. (...) Ech si ganz houfreg op dës Plack, déi vill seet iwwer dat wat mir sinn, vu wou mir hierkommen, a wat mir denken."
"De Referendum war eng ganz ongeschéckt Manéier fir mat der britescher Psyche ze kommunizéieren. A well et ongeschéckt war, ass et elo ee richteg groussen Duerjerneen", seet den Albarn. D'Reaktiounen op den Album wiere besonnesch um Kontinent an an Irland immens positiv gewiescht. An England waren d'Echoe méi zeréckhalend: "Vläicht hale mer de Leit dofir dann awer ze vill e Spigel vir."
Op d'Fro, ob The Good, the Bad and the Queen geschwënn eng weider Plack wäerte maachen, seet dem Albarn säi Gesiichtsausdrock esou eppes wéi "Maach emol lues, Männi" ... An duerno, mat engem klenge Grinsen: "It's not career".
De Luxus, sech séng Projeten eraussichen ze kënnen hunn d'Membere vum Supergrupp sech alleguer scho laang verdéngt. Gorillaz an Africa Express beschäftege meng zwee Gespréichspartner. Iwwerdeems gehéiert de Batteur Tony Allen als fréiere Member vum Fela Kuti senger Band zu deene Gesichtesten am Business, an de Gittarist Simon Tong spillt och bei The Magnetic Noth.
De 15. August waren The Good, the Bad & the Queen fir e Concert am Atelier. Den Damon Albarn kënnt iwwregens d'nächst Joer zeréck op Lëtzebuerg, fir an der Philharmonie iwwer eng vu senge Liiblingsplazen ze sangen: Island. Rendez-Vous den 29.05.2020, Froe stellen am Moment nach verbueden!