Gruff Rhys - Seeking New Gods Wäit ewech vun Endzäitstëmmung

Zanter senger Zait als Frontmann bei de Super Furry Animals steet de Waliser Gruff Rhys fir Feel-Good Musek mat psychedeleschem an heiansdo nodenklechem Aschlag. Seng nei Plack "Seeking New Gods" ass bis zum Platze gefëllt mat accessiblen Hooks an interessanten Twists

Marc Clement / tt

Gruff Rhys

Dem Gruff Rhys seng nei Plack erzielt vun det Welt haut an, elo. Vu Konservatismus als Reaktioun op onsécher Zäiten, vum Festhalen u Sécherheeten, déi keng sinn, vum Erauswuessen iwwer d'Sich no enger féierender Hand. "Fools will welcome plagues as blessings, seeking new gods," sengt hien um Titeltrack, kloer a ferm a sengem Encouragement, sech selwer an anerer net ze séier opzeginn.

Wäit ewech vun Endzäitstëmmung

Als Sänger vun de Super Furry Animals huet een de Rhys als psychedelesch-verspilltene Paradiesvull an Erënnerung, deen eemol an engem eenzege Song 50 Mol dat béist F-Wuert benotzt huet. Iwwer d'Joren ass aus charmanter Opleenung géint alles, wat gro a langweileg ass, eng gedëlleg Weisheet gewuess, déi op méi rezente Placke vun der Band, an op senge Soloplacken duerchschléit. Seng lescht, deels op walisesch geschriwwen, huet bal pastoral Themen an de globale Kontext gesat a Brécke gebaut tëscht der berouegender Gebuergenheet vun deem, wat eis no ass, an der globaler Verantwortung an enger connectéierter Welt. E klengt Meeschterwierk vum Chamber Folk, hat de Guardian d'Plack bewäert.

Och op "Seeking New Gods" ass de Rhys als Songwriter a Form. Déi optimistesch Hooks, fir déi hie bekannt ass, ertéinen um Album-Opener Mausoleum of my Future Self mat schwéngendem Piano, Gittar an hellen Trompetten, wäit ewech vun all Endzäitstëmmung, déi sou munch ee Museker am Moment zu méi facile Statements verleet.

Ee klore Kapp an een oppent Häerz behalen

Wat Ufanks e bëssen traditionell an ornamentéiert erschéngt, wiisst séier eng gewëssen iwwerscheinend Labberheet, déi den Texter hire Ruff no roueger an autonomer Verwandelung glafhaft ënnerstëtzt. Psychedelesch Elementer wéi spannend etheresch Synthesizer a Chouerstëmmen déngen hei net dem Spaass, der Opreegung oder der Weltflucht, mee verspreeën, wéi op "Can't Carry On" éischter Matgefill an Trouscht. Vu Vulkaner an neien tektoneschen Alignementer erzielen d'Songs, vum Wanderen ënner Blëtzer a vun der Wichtegkeet, ee klore Kapp an een oppent Häerz ze behalen.

Op dem wonnerbare "Loan Your Loneliness" kënnt puren Optimismus duerch, deen dem "Grace under Pressure"-Thema vun der Plack liicht a lëfteg Forme gëtt. Iergendwou tëscht Ringo Starr, Brian Wilson a Richard Dawson fënnt de Rhys ëmmer deen Toun, deen den Nolauschterer direkt uschwätzt. Hei ass kaum artistesch Pretentioun erauszehéieren, kee Song sicht, ze beandrocken, an iwwer d'Kucke vu sengem eegene Bauchnuebel ass de Rhys op charmant Manéier erhaben.

Um Enn ass "Seeking New Gods", mat senger labberer Metaphysik an zeréckgehalene Fauvismus ee waakregen an agreabelen Album, deen d'Zäiten net nëmme beschreift, mee mat ganz vill Fangerspëtzegefill Äntwerte proposéiert. Den Adage, datt haart Zäiten no haarde Moossname verlaangen, kontert "Seeking New Gods" mat engem midde Schmunzelen, dat schnell zu engem virsiichtegen, mee prallen optimistesche Laachen eruwiisst. Onopfälleg, mee derwäert.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

image_6483441.JPG
Nei Ambient EP vun Death Was A Mistake

De Maxime Weber wunnt zanter e puer Joer zu Berlin a schreift Prosa a Musek. Mat sengem neie Projet Death Was A Mistake hëlt seng Kreativitéit awer ganz aner Weeër: éischter elektronesch an ambient.

Airship P81
Nei EP vun Airship81

Den zweeten EP vun Airship 81, deen de 4. Juni erauskënnt, féiert d'Rees weider, mee a méi waarme Faarftéin. E Gespréich mam Paul Bradshaw iwwer de Prozess an d'Verbindung vu Musek a visuellen Elementer.

Den Nicholas Krgovich an d'Veda Hille
Nicholas Krgovich - This Spring: Songs by Veda Hille

Eng verspillten a kuriéis Vancouver Ode un eng grouss kreativ Inspiratioun. Den Nicholas Krgovich bréngt e besonnesche Coveralbum eeraus, gefëllt mat Lidder vun der Kanadierin Veda Hille, ee vu senge gréissten Aflëss.

International Music
Album vun der Woch

D'Formatioun International Music presentéiert op hirem zweeten Album "Ententraum" Ruhrpottromantik an éischter ongewéinlech Dramfantasien. Véier Joer no hirem Debut beweise si, datt den Hype méi wéi gerechtfäerdegt ass.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen