Country Hustle vum Jeb Loy Nichols Wa schwaarz Musek op Country trëfft

Den amerikanesche Sänger Jeb Loy Nichols léisst et grooven. D'Karibik spillt dës Kéier eng manner wichteg Roll. Hien zitéiert Funk, Soul an Disco. Trotzdem: spannend an ofwiesslungsräich.

Fred Medernach / ys

Jeb Loy Nichols.jpg

Et groovt, et rullt an et huet ee kee Problem eranzeklammen. Dat ass ee beim Jeb Loy Nichols gewinnt. Dat sinn d'Qualitéite vum Amerikaner, zënter datt hie mat senger éischter Band, de Fellow Travellers ënnerwee ass. Awer um neien Album "Country Hustle" spillt den Nichols dës Trëmp net méi am Reggae oder am Dub aus. Déi Genren, déi him an de leschte Jore manifestement um Häerz louchen, an déi hien dofir vläicht liicht iwwerstrapazéiert hat.

Omnipresent schwaarz Komponenten

E Meeschter am Mësche vu verschiddene Stiler war hien nach ëmmer, mä d'Karibik spillt dës Kéier eng däitlech manner staark Roll am Sound. Si daucht just nach vereenzelt op. Den Jeb Loy Nichols dréit dës Kéier net alles duerch de selwechte Wollef. Esou entsteet en Amalgam an dee villes afléisst, vu Folk iwwer Country a Songwriting bis Soul, Funk an Disco. All dës schwaarz Komponente sinn omnipresent, gi virun allem vun Drums, Basslinn an dem Rhythmus mat an d'Spill bruecht. Mä opdränglech ass den Nichols ni, et ass Floss dran. An déi 50 entspaant virgedroe Minutte bidde lëftege Kascht, wéi gemaach fir déi entspaant Manéier an dem Sänger seng Stëmm.

Et léisst ee sech séier fänke vum Sound, deen den Jeb Loy Nichols proposéiert. Et falen engem direkt Nimm a wéi Marvin Gaye, Curtis Mayfield oder bei méi rouegen Titelen de Bill Withers. "Country Hustle" beliicht esou muench Facetten aus der schwaarzer Museksgeschicht. A Villes brauch net laang, fir an d'Ouer an an d'Been ze goen. Den Nichols variéiert dobäi Genren, Stil an Tempo, proposéiert Ofgespecktes mat akustescher Gittar nieft dem Danzpistefëller am Philly-Stil. Hie léisst just kuerz Effekter afléissen, déi wuel opfalen ouni sech awer no vir ze drécken.

Den Jeb Loy Nichols ass kee Purist. An nei ass dat och net, wat hie verschafft. Praktesch alles ass an de spéide Siechzeger oder fréie Siwwenzeger doheem. Awer hie bréngt et fäerdeg, säin Uleies spannend an ofwiesslungsräich ze deklinéieren. Ganz schéi cool an ofgehaangen!

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Fred Medernach
Lauschteren

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen