Schoulprojet Wa Kanner zu Museksreportere ginn

Kanner aus der Europaschoul hunn eng Harfenistin an der Philharmonie getraff a mat hir e Gespréich geféiert. Eng Zesummenaarbecht vun dëser Schoul, der Philharmonie an dem radio 100,7.

Manuel Ribeiro / cz

Anaïs Gaudemard & Klasse Europaschoul
D'naïs Gaudemard zesumme mat enger Klass an der Europaschoul

Wéi kann ee Kanner Klassik bäibréngen a si an engems fir Medium Radio sensibiliséieren? Dat war d'Fro, déi sech e Schoulmeeschter aus der Europaschoul gestallt huet. Dem Thierry Lallemand ass et awer och wichteg fir dëse Schoulkanner - déi jo u sech auslännesch Wuerzele hunn - ze weisen, datt et am Land, an deem si wunnen, och en eegene Kulturkader gëtt, deen op lëtzebuergesch funktionéiert.

D'Léisung ass him wéi evident virkomm. Vun der Europaschoul aus ginn et zwou Institutiounen, déi Alles bidde fir dës Iddien ëmzesetzen. D'Philharmonie, déi Concerte proposéiert a Kënschtler fir Gespréicher zur Dispositioun stellt. Déi aner Institutioun ass de radio 100,7, dee vill Klassik iwwer d'Antenn diffuséiert, Interviewe féiert - an dëst an der Sprooch vum Land.

Enn Januar hunn de Guy Engels an de Manuel Ribeiro an der Europaschoul an enger Partie Stonnen a groussen Zich de Fonctionnement vum Radio erkläert. Déi selwecht Woch konnte Schüler och d'Studioe vum radio 100,7 besichen a selwer gesinn, wéi een en Interview mécht, redaktionnell schafft, ophëlt an e Montage fäerdegstellt.

Treffe mat der Harfenistin Anaïs Gaudemard

Den 13. Januar 2019 ass déi franséisch Harfenistin Anaïs Gaudemard am Kader vun de Rising Stars am Kammermusekssall vun der Philharmonie opgetratt. Moies konnt dës Klass vum Thierry Lallemand vun der Europaschoul mat Hëllef vum radio 100,7 e längert Gespréich mat der jonker Musekerin vun 28 Joer féieren.

D'Treffe mat der Harfenistin war fir déi zwou Säiten en Erliefnes. D'Kanner ware begeeschtert, net just vun der Harfenistin hirem Kënnen, mee och vun hirer Spontaneitéit, Disponibilitéit an hirer Frëndlechkeet. D'Anaïs Gaudemard war grad esou begeeschtert an erstaunt iwwer den Interessi, deen d'Harf an d'Musek bei de Kanner ausléise konnt.

De Rising Stars Concert mat der Harfenistin gëtt de 24. Mäerz 2019 um hallwer eng, am Kader vum Classic in Concert, diffuséiert.

Informatiounen zur Anaïs Gaudemard op: http://www.anaisgaudemard.fr

Den Dag no hirem Rising Stars Concert an der Philharmonie ass d'Anaïs Gaudemard mat hirer Harf an d'Europaschoul gefuer fir och hei e klenge Recital ze proposéieren. Tëschent de Stécker konnten Schüler aus dräi Klassen nach weider Froen iwwer d'Harf, Musek an d'Solistin stellen. Eng flott Initiativ vun der Europaschoul, der Philharmonie an dem radio 100,7, déi bei de Schüler net just gutt ukoum, mee hinne bestëmmt nach laang wäert an Erënnerung bleiwen.

Den Interview vun de Kanner zesumme mam radio 100,7 an der Anaïs Gaudemard huet de Manuel Ribeiro als Emissioun Musek am Gespréich diffuséiert.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Felix Mendelsson
Klassik-CD vun der Woch

Mat de Symphonie 4 a 5 setzt den Andrew Manze de leschten Taktstréch hanner eng nei Integrale vum Felix Mendelssohn Bartholdy senge Symphonien a bréngt e frësche Wand an d'Mendelssohn-Diskographie.

Stille Nacht
200 Joer "Stille Nacht"

Virun 200 Joer (24.12.1818) gouf dat bekanntst Chrëschtlidd iwwerhaapt an der Kapell zu Oberndorf eng éischte Kéier gesongen. Haut gëtt et et an iwwer 330 Sproochen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen