Online-Chouer Groussen (U-)Klang

Ufank Abrëll hunn den Institut Européen de Chant Choral, Luxembourg (INECC) an de radio 100,7 en Opruff fir en Online-Chouer gemaach. D'Participanten hu sech doheem beim Sange gefilmt an hire Clip era geschéckt.

Luc Boentges

Online-Chouer

Déi éischt Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer wier eng ganz erstaunlech Erfollegsgeschicht, seet den Direkter vum INECC Arend Herold. Iwwer 90 Leit hu sech gemellt an dovun hunn der 61 e Video era geschéckt. Um Programm steet dem Johann Sebastian Bach säi Choral "Von Gott will ich nicht lassen", dirigéiert vum Nicolas Billaux.

Vun Amateur bis Profi

Matgemaach hu souwuel Amateuren, wéi och professionell Sänger. Do dernieft ass quasi all Alterstranche vertrueden an och d'Geschlechterverdeelung entsprécht net där vun engem übleche Chouer, seet den Arend Herold.

"Normalerweis hu mir an de Chéier ëmmer de Problem, datt mir net genuch Männer hunn. Hei war dat elo guer net de Fall. Ech war ganz erstaunt a freedeg iwwerrascht, datt mer sou vill männlechen Zousproch haten."

Méi zum Thema

Stephan Gehmacher
Philharmonie

Zanter gewosst ass, datt bis den 31. Juli keng grouss Manifestatiounen erlaabt sinn, gëtt et och fir d'Philharmonie Kloerheet: D'Saison 2019/2020 ass eriwwer. Wat bedeit dat fir d'Concertshaus?

Beethoven BD
BD iwwer de Beethoven

Déi batter, däischter an zum Deel makaber Komedie vum Auteur Peer Meter léisst ee mat lauter verschidden Erzielunge säin eegent Bild vum Komponist Ludwig van Beethoven a Fro ze stellen.

Visuel Online.jpg
Musek

Duerch d'Quarantän läit d'Chouerliewe mat senge Prouwen a Concerten den Ament brooch. Dofir proposéieren den INECC an de radio 100,7 eng Alternativ, bei där all begeeschterte Sänger matmaache kann.

Prokofjew
Komponist vum Mount

De 5. Mäerz 1953 stierft de Serge Prokofjew. Bal kee kritt eppes dovu mat, well de Stalin dee selwechten Dag gestuerwen ass. Haut ass de Prokofjew ee vun de grousse Klassiker vum 20. Joerhonnert.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen