“Glass Walls” vum Culture the Kid Vum Rap an der Kultur bannendran

Mat engem Mixtape an zwee Titelen huet de Mattheo, oder Culture the Kid, bis elo op sech a säin engleschsproochege Rap opmierksam gemaach. Seng Texter erstaunen, an doniewent stécht eng gutt Portioun Musekserfarung hanner sengem Projet. Mee wien ass de Culture?

Marc Clement / cbi

Culture the kid

Vu klengem u Musek- a Kulturbegeeschtert, huet de Culture säi Pseudonym gutt ausgesicht. "Kultur ass wichteg, well se Leit zesummebréngt", erkläert hie säi Choix, a versteet d'Wuert dobäi a ville Sënner.

Et ass och seng "Kultur", säin Eruwuessen als Mënsch, déi a sengem Rap zum Ausdrock kënnt, an hie mat aneren zesummebréngt. De Courage hun sech ze projezéieren, ass dem Culture wichteg. Dat mécht hien net nëmme mat Musek - och ee Casting fir Capitani huet hien interesséiert, bei deem hien um Enn gréng Luucht krut.

Fir eng EP mat siwen Tracks, déi am Summer soll erauskommen, wäert de Culture eng aner Säit vun sech weisen an eemol Méi traditionelle Songwriting maachen. Glass Walls, déi aktuell Single, bedéngt sech op der anerer Säit bei Soul a Funk fir een emotionale Vibe an der Musek ze schafen.

Lauschtert de ganzen Interview hei:

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

FrancisOfDelirium20556.jpg
Francis of Delirium

De kanadesch-amerikaneschen Duo vu Lëtzebuerg iwwerzeegt op hirer neier EP mat réiem Rock-Grunge-Gefill a frontaler Emotionalitéit. Hir Aircheck-Session gëtt e Samschdeg um 17 Auer live um radio 100,7 iwwerdroen.

Rome live an der Kulturfabrik
Live Session

D'Lëtzebuerger Neo Folk-Formatioun ronderëm de Jérôme Reuter live an der Kulturfabrik. Um Programm sti Wierker vum neien Album "Parlez-Vous Hate?", an Highlights aus 15 Joer Bandgeschicht.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen