Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Hamilius op Winnipeg

Alpha Toshineza

Vum Hamilius op Winnipeg

De Lëtzebuerger Rapper a Kënschtler Alain Tshinza ass a Kanada ausgewandert. Hien huet nei Inspiratioun gesicht a fonnt. Säin neien Album "Jazz Inouit" ass eng Aféierung a seng nei Identitéit.

auto_stories

2 min

Den Alain Tshinza ass virun dräi Joer vu Lëtzebuerg op Winnipeg an der kanadescher Provënz Manitoba ausgewandert. Ënner dem Kënschtlernumm Alpha Toshineza bréngt hien een éischten Album mam Titel "Jazz Inouit" eraus. Hien hätt wéilten iwwer den Tellerrand erauskucken. Winnipeg wier bëssen d'San Francisco vu Kanada. Et géif eng ganz aktiv independent Musekszeen hei ginn, erkläert de Rapper.

Gott, Gospel an Zweiwelen

Zimlech séier hätt hie mat anere Museker kollaboréiert a säin eegene Label opgebaut. "Ech hunn dat gemaach, wat ech schonn ëmmer wollt maachen. Mat wéineg Geld." Virun allem d'Zesummenaarbecht mat neie Museker a Produzente wier him wichteg. Nëmme sou kéint ee sech weiderentwéckelen. Hie géif awer och weider mat Leit vu Lëtzebuerg zesummeschaffen.

Den Album "Jazz Inouit" gesäit hien als Introduktioun fir seng nei Identitéit. "Wann s de deen Album gelauschtert hues, weess de genee, wat ech musikalesch sinn, wat ech a mengem Kapp an a mengem Häerz hunn, a wou ech hi ginn."

Säi Liewe wier seng Inspiratiounsquell, seet de Rapper. "De reliéisen Aspekt war nach ëmmer wichteg bei mir, well ech als Chrëscht opgewuess sinn. Dat huet mäi Liewe ganz vill guidéiert." Dofir géif Gott an de Gospel nach ëmmer eng wichteg Roll a senger Musek spillen. Awer och seng Zweiwelen a Froe kéimen a senger Konscht zum Ausdrock.

Aus Eskimo gëtt Inuit

Kanada hätt eng laang an traureg Geschicht mat indigene Vëlker. "Den Numm 'Eskimo' ass eng Referenz am Kanada zu dëser Vergaangenheet. Et ass wierklech een Trauma." Fir Kontroversen ze vermeiden huet hie säi Label "Black Eskimo" kuerzerhand an "Jazz Inuit" ëmbenannt. "Jazz" wier eng iwwerdeems sophistiquéiert Referenz un déi schwaarz Kultur, seet den Alain Tshinza.

Den Alain Tshinza ass niewent der Musek och an anere kënschtleresche Beräicher aktiv. Mam Documentaire "Hamilius" hat hie sech 2010 och een Numm als Realisateur gemaach.