Wäiss a Schwaarz Valérie Knabe

D'Valérie Knabe ass eng jonk Pianistin a präsentéiert an eiser Emissioun Wäiss a Schwaarz zwee eege komponéierte Stécker an erkläert, wat eng Classe d'écriture genee ass.

Valerie Knabe

D'Valérie Knabe ass eng jonk Lëtzebuergesch Komponistin, déi am Ament am Escher Conservatoire, als Professeur-stagiaire fir Écritures a Piano zoustänneg ass.

Si ass 1988 gebuer an huet am Escher Conservatoire mat hire musikalesche Studien ugefaange, vu Solfège, Piano, Uergel, Kammermusek, Harmonie, Kontrapunkt bis hin zur Fuge. Nodeems si zu Esch fäerdeg war, entscheet si sech zu Bréissel an de Conservatoire Royal anzeschreiwe fir hir Studie weider ze verdéiwen. 2014 schléisst si zu Bréissel mat engem Master of, mee entscheet dat Joer drop nach op Léck an de Conservatoire Royal sech an der Classe d'écrtiturs classiques, anzeschreiwen. 2016 mécht si hei e Master am Piano d'Accompagnement.


Fir d'Emissioun Wäiss a Schwaarz erkläert d'Valérie Knabe dem Manuel Ribeiro um Piano vun eisem grousse Studio wat eng Classe d'écriture genee ass. Dës Weideren geet si méi genee op zwee eege komponéiert Stécker an, wéi och op eng Partitur vum Johannes Brahms.

An der Mediathéik:

Wäiss a Schwaarz / / Manuel Ribeiro
Lauschteren

Méi zum Thema

Untitled_1.8.4.jpg
Wäiss a Schwaarz

De Komponist a Pianist gëtt mat live agespillten Tounbeispiller a Stécker en Abléck a säi Parcours an a seng Aart a Weis ze komponéieren. Um Programm stinn ënnert anerem Adieu, Lamento a Forever.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen