Album vun der Woch: Dräi Stären, an eng global Visioun vu Musek Vakanz an der Villa Amorini

Eisen Album vun der Woch kënnt aus dem héijen Norden, vun enger jonker Formatioun mam Numm Orions Belte. "Villa Amorini" ass der Band hiren zweeten Album a bréngt si engem hoffentlech méi breede Publikum méi no. De Marc Clement huet sech mat der Band hirem Gttarist Øyvind Blomstrøm ënnerhalen.

Marc Clement / tt

Orions Belte
Orions Belte ass een Trio aus Norwegen.

Orions Belte sinn, genee wéi d'Liichter am Stärebild no deem si benannt sinn, zu dräi. Ufanks hu si hir Instrumenter an anere Projete gespillt, sinn sech dunn eemol tëscht Oslo a Bergen op Tour an engem Auto begéint an entdeckt, datt hir musikalesch Interessen zesummepasse wéi Alnitak, Alnilam a Mintaka - déi dräi Stäre wéi am Orion. Labber, instrumental Musek, inspiréiert um Pop an de Filmsoundtracks vun de 60s koum schonns bei hiren éischte Prouwen eraus.

No engem Weekend zesumme war et kloer, datt si wollten eng Plack zesumme maachen.

Bei Orions Belte sinn d'Bescheidenheet vun de Proposen a Subtilitéit am Virgoen déi éischt a wichtegst Dugenden. Wann déi genannte Referenzen sech duerch ee staark mikrofonéierte Batteriesound an deels barock Orchestratiounen auszeechnen, ass et ëmsou méi beandrockend, datt de Power Trio den Effekt vun där Musek zu drëtt evoquéiere kann. Variatioun, Groove, Zesummespill a kleng Schmankerl sinn hei d'Geheimwaffen, déi schiere Volum duerch Afallsräichtum ersetzen.

Vill mat wéineg

Hiren Debut, Mint, war fir d'éischt eng norwegesch Affär, mee d'Fangemeinschaft huet sech schnell op de Rescht vun Europa an d'ganz Welt ausgedeent. Spéitstens bei der Online-Editioun vum Eurosonic-Festival dëst Joer gouf kloer, datt Orions Belte hiren Nolauschterer zu kengem Moment manner liwwere wéi dat Beschtméiglecht. Eng zeenesch Route duerch Bierger, Fjorden an al Bäckereien huet eng Rei Videoen op fantastesche Platzen entstoe gedoen, déi esouwuel monumental wéi och bäileefeg ee Kader schafen, deen d'Musek verstäerkt.

Hir zweet Plack, Villa Amorini, gëtt der Frëscht vum Debut Mint nach eng Portion Déift bäi, inspiréiert vun der Pandemie a méi melancholesche Stëmmungen.

"Musek, déi d'Liewe méi einfach mécht..."

...huet ee Youtube-Commentaire ënner hirem Videoclip gemengt, an et hätt ee Loscht mat ze ënnerschreiwen, well wann hei Melancholie dranhänkt, dann ass se batterséiss wéi d'Enn vun enger wonnerbarer Vakanz vun der Imaginatioun.

Villa Amorini ass och déi éischte Geleeënheet, wou déi eigentlech Instrumental Band d'Stëmm entdeckt.

D'Onbeschwéiertheet vun dëser Musek sollt een net mat ze vill Theorie erschloen, wier net wierklech ubruecht, ausser villäicht ze soen, datt déi 3 Stären an der Mëtt vum Orion an der skandinavescher Mythologie fir d'Spannrad vun der Fruchtbarkeetsgöttin Frygga stinn. Dëst passt gutt bei déi fein gewiefte Stécker vun Orions Belte.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Bartleby Delicate
Faszinatioun fir Synthetesches

Dem Georges Goerens seng nei EP als Bartleby Delicate, annoncéiert fir de 14. Mee, heescht "Deadly Sadly Whatever" an erzielt indirekt seng Entdeckungsrees an d'elektronesch Musek.

Dry Cleaning
Dry Cleaning - New Long Leg

D'Post-Punk-Formatioun Dry Cleaning liwwert mat "New Long Leg" e wonnerschéi skurrilt Pandemie-Dokument, dat op onerwaarte Plaze geet. En Abléck an déi gro Matière vun enger gelungener a ganz Band.

Lost Girls
Lost Girls - Menneskekollektivet

Mat hirem Nieweprojet Lost Girls bleift déi norwegesch Klangkënschtlerin Jenny Hval hirer experimenteller Säit trei. Existenzphilosophie trëfft hei op Raveparty a verzerrte Gittaren.

Kalbells
Kalbells

Den neie Kalbells Album "Max Heart" ass verspillt, liicht verbéit an iwwerzeegt duerch dat kollektiivt Zesummespill tëscht de véier Musekerinnen. Synth-Pop, Jazz a Funk ginn den Toun un.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen