Schlofzëmmerbléck Eng intim Momentopnam vun der Lëtzebuerger Musekszeen

"Schlofzëmmerbléck" - dat sinn 13 Lidder vu Lëtzebuerger MusekerInnen a Museker, déi am Confinement geschriwwen a produzéiert goufen. Den Yves Stephany proposéiert dës Momentopnam vun der Lëtzebuerger Musekszeen als Album vun der Woch.

Yves Stephany

Schlofzemmerbléck

Et war e komesche Moment, wéi mir vum Premier gesot kruten, mir missten elo doheem bleiwen. Den onsiichtbare Géigner, deen zanter Wochen an den Nouvellë war, war och zu Lëtzebuerg ukomm. Mir konnten zwar als Museksredakteren am Homeoffice schaffen, awer et gouf keng Concerte méi ze annoncéieren, an et war och kloer, datt et onméiglech wier fir an de Studioen ze schaffen.

Dofir koum séier eisen Entschloss: mir musse selwer eppes maachen, fir déi musikalesch Aktualitéit an d'Kreatioun ze animéieren, a virun allem fir d'Kënschtlerinnen a Kënschtler ze ënnerstëtzen.

Déi 13 Schlofzëmmerproduktiounen, déi mir geschéckt kruten, hunn all eis Erwaardungen iwwertraff!

Eis war direkt kloer, datt mir en eemolegt Zäitdokument an den Hänn hätten. Eng eenzegaarteg Momentopnam vun der Zeen am Confinement, an de Soundtrack vum Grand-Duché am verréckte Fréijoer 2020.

Ganz ënnerschiddlech Bäiträg

Déi musikalesch Bäiträg op der Compil si ganz ënnerschiddlech. Am meeschten no Schlofzëmmer kléngen d'Claudine Muno, de Bartleby Delicate a Francis Of Delirium, mat méi klassesche Singer-Songwriter-Nummeren.

Aner Artisten goufen duerch de Projet aus hirer Comfort Zone gelackelt. Wéi zum Beispill d'Membere vun Autumn Sweater, déi zum Deel hir Instrumenter fir d'éischte Kéier hu misste selwer ophuelen. Oder C'est Karma, dat sech intensiv mat sengem neie Synthesizer beschäftegt huet.

Datt d'Tracks vum Maz, Them Lights, dem Claire Parsons oder Ryvage poléiert a glossy sinn, huet eis net gewonnert - ganz am Contraire.

En Unikat

Am Kontrast dozou stinn dem Studnitzky seng raucheg Trompett um Pascal Schumacher sengem Closer, oder dem Sensu seng experimentell Synthesizer-Nappen. Awer obwuel d'Compil immens ofwiesslungsräich ass, gëtt et e roude Fuedem. Dat ass engersäits d'Melancholie an anerersäits d'Authentizitéit, déi an dësen 13 Songs ze spieren ass.

Et gouf scho vill Compilatioune mat Musek aus Lëtzebuerg, awer esou eng originell wéi de "Schlofzëmmerbléck" gouf et nach ni. Dat läit virun allem dorun, datt 2020 esou vill gutt Musek hei am Land gemaach gëtt, datt een am Fong dräi Disken hätt kéinte fëllen.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Schlofzemmerbleck
Op alle Streaming-Plattformen

Haut kënnt d'Schlofzëmmerbléck-Compilatioun op den digitale Plattformen eraus. De radio 100,7 huet 13 Lëtzebuerger Museker gefrot e Stéck am Confinement ze schreiwen. E Sonndeg ass d'Release-Party.

Edsun Schlofzëmmerbléck.png
Schlofzëmmerbléck

Eleng doheem mam Keyboard huet den Edsun "Until Tomorrow" opgeholl, dee leschten Titel an eiser Serie "Schlofzëmmerbléck" Abléck an déi Lëtzebuerger Museksproduktioun soll verschafen.

Schlofzëmmerbléck Them Lights
Schlofzëmmerbléck

Fir de Sacha Hanlet alias Them Lights ass et eng produktiv Zäit - ee Song pro Mount soll an nächster Zäit eräuskommen. Een dovunn exklusiv gei op Radio 100,7 - Lovesick, deen de Confinement an de Kontext vun engem Lovesong setzt.

Schlofzëmmerbléck Pascal Schumacher
Schlofzëmmerbléck

Dem Pascal Schumacher säi Vibraphon Track "Closer" war ufanks ze schéin. Duerfir huet eng réi a lëfteg Trompett missen hier. De Lëtzebuerger Museker ass sech Hëllef bei de Berliner Trompettist Sebastian Studnitzky siche gaangen.

Schlofzëmmerbléck Claire Parsons
Schlofzëmmerbléck

Fir d'Claire Parsons war et wichteg eppes Schéines ze produzéieren am Kader vun der radio 100,7-Schlofzëmmerbléck-Commande. D'Musekerin huet wärend dem Confinement iergendwéi missen u Schnéi am Summer denken.

Schlofzëmmerbléck Maz
Schlofzëmmerbléck

De jonker Rapper Maz ass ee vun deenen 13 Museker, déi fir den 100,7 een exklusiivt Stéck am Confinement opgeholl hunn. Enner dem Titel "What is the Meaning" huet den MC keng Angscht, Froen ze stellen.

Schlofzëmmerbléck Ryvage
Schlofzëmmerbléck

D'Spannung tëschent schéin, epesch, ästhetesch an ënnerdréckent zitt de Samuel Reinard aka Ryvage un. Op "Tulipe" schafft hie mat Knascht am Signal a liwwert e Lidd dat "donkel ass, awer net hoffnungslos".

Schlofzëmmerbléck C'est Karma
Schlofzëmmerbléck

Fir déi jonk Songwriterin war den Track "Post" eng vun deenen éischten Erfarunge selwer ze produzéieren. D'Resultat wier "net mega komplex", mee hätt e laange Prozess hanner sech.

Schlofzëmmerbléck Napoleon Gold
Schlofzëmmerbléck

D'Zëmmer 224 vum Napoleon Gold sengem Sunset Motel waart drop, vun Iech entdeckt ze ginn. Eng Commande am Kader vun der 100,7-Aktioun-Schlofzëmmerbléck.

Schlofzëmmerbléck Bartleby Delicate
Schlofzëmmerbléck

De Song vum Bartleby Delicate beliicht de Confinement aus der Siicht vun enger Kaz. Mee am Fong geet et och ëm e verdréitent Verständnis vu Solidaritéit an eng "mauvaise foi" an der Gesellschaft.

Schlofzëmmerbléck Sensu
Schlofzëmmerbléck

Déi nächst Contributioun an der Serie Schlofzëmmerbléck kënnt vum Sensu. "Subsol" ass en ambienten, elektroneschen Track, deen op seng eegewëlleg Manéier eng Geschicht vun der Fräiheet erzielt.

Claudine Muno Schlofzëmmerbléck
SCHLOFZËMMERBLÉCK

Wann een dobannen eng vulnerabel Persoun wëllt beschützen, wärend dobaussen d'Liewe weidergeet mat Kärcheren an Auto botzen: E Lidd iwwer d'Relativitéit vu Gefor a Misère.

Schlofzëmmerbléck Autumn Sweater
Schlofzëmmerbléck

Lëtzebuerger Museker a Bands schreiwe Lidder aus der Quarantän fir de radio 100,7. Dräimol an der Woch gëtt en neie Song virgestallt. D'Contributioun vun Autumn Sweater heescht "Half of March".

Francis of Delirium Schlofzëmmerbléck
Schlofzëmmerbléck

D'Annulatioun vun alle kulturelle Manifestatiounen huet dozou geféiert, datt vill MusekerInnen eleng doheem sinn. De radio 100,7 huet 13 Lidder an Optrag ginn. Deen éischte Song kënnt vu Francis of Delirium.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen