live Musek um 100,7 Tuys spillen éischt Aircheck Session

Fir trotz Pandemie kënne live Musek ze genéissen, lancéiert de radio 100,7 d'Aircheck Sessions. Eemol am Mount sinn an der Kulturfabrik zu Esch Concerten, déi mir live iwwerdroen. Den Optakt mécht dëse Samschdeg um 17:00 d'Indie-Rock-Formatioun Tuys. Hiren Optrëtt an der Kulturfabrik ass och d'Contributioun vum radio 100,7 fir den Eurosonic Festival am Januar.

Yves Stephany

AIRCHECK Tuys

Tuys hunn dëst Joer fënnef nei Lidder erausbruecht, déi eng stilistesch Entwécklung fir d'Band bedeiten. Eigentlech hätte si mat deem neie Programm am Oktober wéilten op Tour goen, erkläert de Keyboarder a Gittarist Tun Biever. "Déi Tour hu mir op Januar verréckelt, an et gesäit och éischter schlecht aus."

Dofir wiere si frou, datt déi Session géif iwwer d'Bün goen, a si endlech d'Méiglechkeet hätten, fir déi nei Songs an hir nei Luuchteshow kënne virzestellen. "Mir probéieren och e puer méi konzeptuell Saachen an eise Set ze huelen."

Fir den Eurosonic nominéiert

De radio 100,7 kann als Member vun der EBU all Joer eng Band vu Lëtzebuerg fir den Eurosonic Festival nominéieren. Dat ass am Januar 2021 Tuys. Dee groussen, europäesche Showcase-Festival wäert reng virtuell oflafen. Trotzdeem kritt de Quartett d'Méiglechkeet, fir sech virun engem Fachpublikum ze presentéieren.

De Concert an der Kulturfabrik gëtt gefilmt, an d'Resultat ass d'Contributioun fir den Eurosonic.

D'Museker vun Tuys spille scho ganz laang zesummen. Deen nächste logesche Schrack war fir si, op Berlin ze plënneren. Si géifen ënner engem Daach zesumme wunnen, schaffen an e Konzept fir en Album ausschaffen, seet de Bassist Yann Gengeler. "Et geet ëm d'Diskussioun. Dat ass eben och dat, wat mir grad och ënner eis mussen agoen, fir ze kucke wéi et weidergeet."

"Eng Band ass wéi eng Bezéiung", seet den Tun Biever. Et misst een all Dag dru schaffen.

An der Mediathéik:

Backstage / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Ultraflex
D'Workout Disco Äntwert op de Lockdown Blues.

Ultraflex verbannen Discokläng aus den Achtzeger mat Sowjetescher Aerobic Ästhetik a lasziven Lyrics. Hieren Debutalbum ass eng vertounten Hommage un naasgeschweesste Kierperen a grujeleg neonfaarwegem Spandex.

Sascha Ley
Fënnefvéierel

Am Proufsall vun der fräi-improviséierender Musekerin Sascha Ley kléngt et gären emol anescht. Den Jamie Reinert huet e puer onkonventionell an iwwerraschend Geräischer opgeholl.

amplify-LX
Musek

Wie keng Concerte ka spillen, verdéngt keng Suen. Wat maachen d'Museker also an Zäite vu Corona? Beim online-Showcase-Festival Amplify:LX konnt ee méi doriwwer gewuer ginn.

Tinnitus
Fënnefvéierel

An eiser neier Serie "Fënnefvéierel" kucke mir Museker, Musekerinnen a Bands hir Studioen oder Proufsäll iwwer d'Schëlleren. Dës Kéier geet et an de Süden bei den DJ PC.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen