Rentrée um 100,7 Tockcity - d'Original elo am spéiden Nomëtteg

De Mike Tock begleet Iech vun elo u vu 18 bis 20 Auer an de Feierowend. Lauschtert déi neiste Verëffentlechungen aus Rock, Pop an Elektronika a bleift um Lafenden iwwer d'Concertsaktualitéit.

Visuals_Shows_Rentrée_20228.jpg

Tockcity, wat ass dat?

Tockcity ass déi nei Museksemissioun mat mir, Mike Tock, fir de richtege Start an den Owend. Ech begleeden Iech no der Aarbecht an de Feierowend, fir datt Dir de Bureau hannert Iech kënnt loossen. Mat genuch Pepp an Ambiance wäerte mer dem Dag ausklénge loossen.

Deng Emissioun war bis elo am Nomëtteg. Wat ännert sech ausser der Auerzäit?

D'Emissioun ass weiderhin d'Original, mat frëschem Sound a mat mengem Stil.

Wéi eng Musek steet um Programm?

Ech fokusséiere mech op nei Releasen aus Rock, Pop an Electronica. Natierlech gëtt et och eng Grëtz Hip-Hop, Funk a Soul. E Schwéierpunkt si pertinent nei Release vu Musekerinnen a Museker aus Lëtzebuerg, mat deenen ech mech selbstverständlech wäert ënnerhalen. Och d'Concerts- a Festivalsaktualitéit gëtt beliicht, an der Hoffnung, datt an deem Beräich gläich nees méi leeft.

Op wat frees du dech besonnesch?

Op Iech natierlech, well eng Radiossendung ass ëmmer nëmmen esou gutt wéi hir Nolauschterer. Dofir: tune in, turn on and drop out ...

Méi zum Thema

Rentrée.jpg
Radio fir Iech

De radio 100,7 start mat engem héije Qualitéitsusproch an déi nei Saison, mat Noriichten, déi an d'Déift ginn, Ënnerhalung mat engem usprochsvolle Programm, Ärer Musek, awer och Iwwerraschungen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen