Thundercat - It Is What It Is Genee dat, wat d'Welt elo brauch

De kalifornesche Bassist a Sänger Thundercat huet en neien Album. Deen ass mat sengem Humor, senger Komplexitéit a senger Virtuositéit genee dat, wat d'Welt elo brauch. Dat fënnt jiddefalls den Yves Stephany, deen "It Is What It Is" vum Thundercat als Album vun der Woch presentéiert.

Yves Stephany

Thundercat - London In Stereo (Cover Shoot)
Foto: The1point8 / Carlos G.

Et ass einfach nëmmen eng Freed, deen neie Thundercat Album ze lauschteren. Den amerikanesche Bass-Virutos schéisst e Freedefeier aus grandiose Songs a kniwwelege Bass-Lines an eis Oueren. "It Is What It Is" ass e perséinlechen, introspektiven Album. E fänkt ganz onschëlleg a verspillt un, an der Mëtt geschitt eppes Tragesches - et geet ëm Léift - an de Schluss vum Album ass déif melancholesch.

Den Titel "It Is What It Is" ass eng Referenz un de Mac Miller-Song "Small World". De Rapper Mac Miller war am September 2018 onerwaart gestuerwen. Hie war e gudde Frënd vum Thundercat. Am leschten Akt vum Album mécht de Bassist säin Deuil.

Esou melancholesch héiert een de Museker net dacks. Fir déi, déi en net kennen: Mat richtegem Numm heescht de Thundercat Stephen Bruner. Hien huet als Session Bassist mat ville Museker wéi dem Erikah Baduh zesummegeschafft, hien huet zum Kendrik Lamar sengem Meeschterweirk "To Pimp A Butterfly" contribuéiert, war Member bei Suicidal Tendencies, an ass ee vun den to-go-Artiste vum Producer a Brainfeeder-Labechef Flying Lotus. Deen huet "It Is What It Is" zesumme mam Thundercat produzéiert.

Lusche Sound

An et héiert ee kloer, datt hie seng Patten am Spill huet. Dee lusche Sound ass ganz typesch fir de Visionär vun der Westküst.

De Thundercat géif him mëttlerweil immens vertrauen, seet de Flying Lotus op Twitter, datt hien him réi Demoe géif uvertrauen, déi dacks just 25 Sekonne géifen daueren, an hien hätt da fräi Hand fir déi zu Songs ze arrangéieren. "Ech wëll sangen a bass spillen", hätt de Thundercat eng Kéier gesot. Et wier säin Job als Produzent, datt hien dobäi esou à l'aise wier, wéi méiglech.

Stilistesch geet et och um neien Album nees vun Hippches op Haapches. Jazz, Fusion, R&B, Soft Pop an Hip-Hop - et ass alles erlaabt an dat ass och gutt esou. De Thundercat huet esou eng staark artistesch Identitéit an ass esou eegewëlleg, datt hien all déi verschidde Saachen op een Album ka bréngen, an et vu vir bis hanne koherent ass.

An och wann iwwer dem leschten Deel vun "It Is What It Is" eng däischter Wollek schwieft, verdierft se engem net de Spaass. Och net dem Thundercat. "Den Doud gehéiert zum Liewen dozou", seet hien an engem Interview mat NPR. Och wann een deen eegenen Doud meeschtens géif ausblenden, iergendwa wier de Moment do.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Turnup Tun & Skinny J
Rap aus Lëtzebuerg

Um zweeten Album vum Turnup Tun a Skinny J ginn aner Rapper gedisst. Fir de Rescht sinn d'Museker erstaunlech brav. Hu si hiert Polver verschoss? E Gespréich iwwer Succès, Akzeptanz an de FCK LXB-Prozess.

Margaret Glaspy
Margaret Glaspy - Devotion

D'Kalifornierin Margaret Glaspy - Joergang 89 - schléit elo op hirem fusch-neien Disk "Devotion" en neie Wee an. E couragéise Schrëtt Richtung Onbekannt. Enttäuscht gëtt een net, fënnt den Jamie Reinert.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen