Album vun der Woch Hunneg fir d'Oueren

Eng funky Vitaminpëll am Vintage-Look: Dat ass "Honey For The Biscuit". Den neien Album vun der Tasha Taylor. Déi 13 Kompositioune ginn een Androck, wéi de legendäre STAX-Label haut kéint kléngen.

Fred Medernach / ys

Tasha Taylor.JPG

"Honey For The Biscuit" nennt d’Tasha Taylor hire neien Album. De 16. Mäerz kënnt d'Wierk bei RUF Records eraus. D'Artistin vermëttelt een Androck dovun, wéi den antëschent verflossene Label STAX haut géif (oder op d'mannst kéint) kléngen. Stax war, zesumme mat Motown, dee grousse schwaarze Plackelabel aus de Sechzeger a Siwwenzeger. Déi schwaarz Rhythm ‘n’ Blues-Stare wollte just do publizéieren.

Op Stax huet och der Tasha Taylor hire Papp, den Johnnie Taylor publizéiert. Hie war eng Stax-Ikon bis zu sengem Doud am Joer 2000. An den Apel ass definitiv net wäit ewech vum Stamm gefall. D’Tasha Taylor, dat ass Funk a Soul, eng Schëpp Blues an e Schotz Rock. Knackeg Arrangementer, wann et drëm geet d’Läit op d’Danzpist ze kréien. E waarme Sound wann et méi roueg zougeet. Mat Bléisersektioun a mat Wurlitzer... eng Dose Leit am Ganzen. E schwaarze Kollektiv, deen als esou ee functionnéiert. Mam Tascha Taylor, Gesang a geleeëntlech Gittar, virop.

Prominent Gäscht sinn och op "Honey For The Biscuit" vertrueden. Ouni grouss als Sticker um Cover ze pechen. Si hale sech diskret am Hannergronn, ob Keb Mo, Robert Randolph, Tommy Castro oder Samantha Fish.

13 Titelen, keng eenzeg Cover-Versioun: dat maache se nach laang net all esou op hirem drëtten Album. En Zeeche fir Selbststännegkeet, genee wéi d’Tatsaach, datt d'Musekerin selwer produzéiert huet. Wien eng funky Vitaminpëll am sixties Vintagelook sicht, dee gëtt gutt bedéngt. De rezente Bluesowend am Sang a Klang, wou d’Tasha Taylor mat derbäi war, hat sech zum wibbelege Soulowend entwéckelt. A kee Mënsch huet sech doriwwer beklot. Alles kënnt emol erëm: och de Stax-Sound vun deemools. D’Tasha Taylor ass dat beschte Beispill derfir!

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Fred Medernach
Lauschteren

Méi zum Thema

pol belardi.jpg
CD-Tipp vun der Woch

Eelef Muséker a matzendran de Bassist a Multi-Instrumentalist Pol Belardi – dat ass den ambitiéise Projet "Urban Voyage", aus deem den neien Album vum Lëtzebuerger entstan ass. 

soul-souk.jpg
Album vun der Woch

"Soul Sok Séga" ass eng Compilatioun mat Musek vu Mauritius. Séga war d'Musek vun de Sklaven. Am läschte Joerhonnert huet se eng funky Renaissance erlieft. Wee se nach net kennt, muss se entdecken.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen