Grousse Showcase-Festival Suivéiert de Concert vun TUYS beim Eurosonic

Den Eurosonic ass dee wichtegsten europäesche Showcase-Festival. E geet online a gratis iwwer d'Bün. Lëtzebuerg gëtt vun Tuys vertrueden. Kuckt den Optrëtt vun der Indie Pop Band live am Stream.

Tuys beim Eurosonic

Och den Eurosonic ass der Pandemie zum Affer gefall. Beim grousse Showcase-Event am hollännesche Groningen gëtt sech all Joer am Januar d'europäesch Museksbranche Rendezvous fir nei Talenter ze entdecken. Dëst Joer ass d'Manifestatioun online.

De Concert vun Tuys gëtt haut um 20.25 iwwer de Site vum Festival um Kanal 2 diffuséiert: esns.nl

D'Streaming Plattform wier an Zesummenaarbecht mat der EBU opgebaut ginn, seet den Oskar Strain, ee vun de Booker vum Festival. D'EBU, vun där de radio 100,7 och Member ass, ass zanter 25 Joer e wichtege Partner vum Eurosonic.

"E wichtege Message fir Europa"

Tuys sinn eng vun den 180 Gruppen, déi dëst Joer optrieden. Am 15-Minutten-Takt ginn zanter e Mëttwoch all Owend Live-Sessions diffuséiert.

Déi aktuell Situatioun wier net ideal fir d'Industrie, trotzdeem ass den Oskar Strajn optimistesch:

"Ee vun de wichtege Message vum Eurosonic ass, datt mer de Fokus op Europa setzen. Déi kommend Méint wäerten international Toure weiderhi komplizéiert bleiwen. Mir mussen op eis Nopeschlänner kucken. Mir hunn eng wonnerschéi Musekslandschaft ronderëm eis. Ech hoffen, datt Europa als Kontinent dat hei séier nees un d'Rulle kritt."

D'Session vun Tuys gouf den 21. November am Kader vun den Aircheck Sessions an der Kulturfabrik opgezeechent.

Méi zum Thema

TUYS
Musek

Tuys vertrëtt Lëtzebuerg nächste Weekend um Eurosonic Festival. Um Showcase Event zu Groningen decidéiert sech, wéi eng nei Talenter een am Summer op den europäesche Festivalle ka gesinn.

Great Mountain Fire
Live Musek am Podcast

Och ouni Applaus stëmmt d'Energie. Déi véier jonk Museker sinn dankbar, fir endlech nees kënnen ze spillen. Hir Freed héiert een an all Nout. Lauschtert d'Session vu Great Mountain Fire.

Aircheck Session vun Tuys
Concert

Fir trotz der Pandemie Concerte kënnen ze genéissen, huet de radio 100,7 zesumme mat der Kufa d'Aircheck Sessions an d'Liewe geruff. Den éischte Concert kënnt vun Tuys. Lauschtert hiren Optrëtt hei nach eng Kéier.

Eurosonic Festival 2020
Musek

Den Eurosonic Festival ass wéi eng grouss Foire fir nei alternativ Musek. Iwwer 340 verschidden Artisten a Bands trieden a véier Deeg op, an iwwer 4.000 Professioneller aus der Branche komme kucke fir déi Talenter ze entdecken.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen