Direkter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher huet bis 2023 verlängert

Nom Gustavo Gimeno, dem Chefdirigent vum OPL, huet elo och de Stephan Gehmacher, den Direkter vun der Philharmonie a vum OPL, säi Kontrakt verlängert. Hien bleift bis 2023 an der Verantwortung am Concertshaus um Kierchbierg.

Stephan Gehmacher
Foto: Anouk Antony / WORT

Den 1. September 2013 huet de Stephan Gehmacher, fréiere Manager vum Symphonieorchester vum Bayresche Rundfunk, d'Successioun vum Matthias Naske als Direkter vun der Philharmonie iwwerholl. An dës Zäit fält den Ofschloss vum Integratiounsprozess Philharmonie - Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an och d’Nominatioun vum Gustavo Gimeno als neiem Chefdirigent vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.

Nodeems de Gustavo Gimeno viru kuerzem säi Kontrakt beim OPL bis 2022 verlängert hat, ass et elo de Stephan Gehmacher, dee bis 2023 ënnerschriwwen huet.

"An deenen nächste fënnef Joer geet et drëms, sech fir d'Zukunft ze positionéieren, Saachen unzestoussen an och nach selwer z'erliewen, wéi se un d'Rulle kommen", seet de Stephan Gehmacher dem radio 100,7. D'Philharmonie huet sech nämlech een Entwécklungsplang ginn, deen iwwer néng Joer ugeluecht ass.

Als lescht Etapp vun der organisatorescher Ausriichtung vun der Philharmonie bleift elo nach d'Erneierung vum Verwaltungsrot, deem säi Mandat fir de Summer ausleeft.

Méi zum Thema

SEL
Solistes Européens, Luxembourg

D'Solistes Européens, Luxembourg gi mat engem neie President an déi nei Saison. De Jérôme Wigny iwwerhëlt dës Charge vum Eugène Prim, deen zanter der Grënnung 1989 un der Spëtzt vum Orchester stoung.

Gustavo-Gimeno
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

De Gustavo Gimeno verlängert säi Kontrakt mam OPL. Hie wéilt déi kënschtleresch Weiderentwécklung vum Orchester intensivéieren, seet den Dirigent. Fir déi nächst Jore sinn néng Diske geplangt.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen