Sample vun der Woch Steely Dan - Black Cow

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Bobby Bieles / tt

e44.jpg

D'Lidd "Black Cow" vun der Grupp Steely Dan war op hirem sechsten Album "Aja", deen 1977 erauskoum. Dat war hire gréissten Succès. Op dësem Album si bal 40 Museker implizéiert. Si hunn natierlech e Grammy dofir gewonnen a Platin Status erreecht, haaptsächlech fir déi héich Qualitéit vun der Opnam.

Heiansdo daueren Lidder bis zu aacht Minutten, mee et gëtt awer ni indigest. Déi zwee Grënner vun der Grupp, de Walter Becker an Donald Fagen gesinn d'Band éischter als e renge Studio-Projet, dat heescht, si ginn eigentlech keng Concerten tëschent 1973 an 93. Si schreiwen d'Musek a stellen Interpreten a fir si ze spillen. Si sinn a la Base Rockmuseker, déi awer éischter Jazz, R'n'B a Pop Lidder schreiwen. Déi éischt Ecoute klengt e bësse wéi Easy Listening, mee am Hannergrond lafe komplex Harmonie-Wiessel an duerchduechte Melodien. Si goufe vun der Kritik gelueft an hu Präisser gewonnen. Retrospektiv kann een dat als d'Grënnung vum Yacht-Rock bezeechen.

1997 hu Lor dTariq a Peter Gunz "Black Cow" gesampelt fir hir Bronx-Party-Hymn doraus ze maachen "Deja Vu (Uptown Baby)". Si waren als Grupp e One Hit Wonder. Si hunn zwar 98 hiren Album "Make It Rain" erausbruecht, mee si haten zesummen kee Succès, ausser dat heite Lidd natierlech. D'Rapper hu missten 115 000 $ an 100 Prozent vun de Royalties u Steely Dan bezuelen, wat fir déi Epoque zimmlech hefteg war. De Song blouf awer e risege Succès.

D'Grupp 213 hunn den Song och fir hiert Lidd "Keep It Gangsta" benotzt. 213 war Enn 80er déi éischt Grupp vu Snoop Dogg, Warren G an Nate Dogg zesummen. No hire jeeweilege Solokarriären hu si 12 Joer méi spéit am Joer 2004 eng Reformatioun gemaach. All Member vun der Grupp ass op dësem Projet an topp Form, woubäi Snoop dee Bekanntste vun den Dräi bleift.

De Sample huet et souguer mat der Grupp OSTR bis a Pole gepackt. Hiert Lidd heescht "Sinu", wat souvill wéi "Sohn" op Polnesch heescht. D'Grupp ass anscheinend a Polen zimmlech bekannt, si hunn nämlech scho mam Jeru The Damaja oder Sadat X collaboréiert.

Den MF Doom huet d'Lidd och benotzt fir säi "Gas Drawls" doraus ze maachen. Hie sampelt en aneren Moment vum Lidd "Black Cow" a setzt et am Joer 1999 op säin éischten Album "Operation: Doomsday". Hien ass bekannt dofir just ee Loop ze benotzen, Perkussiouns-Elementer doriwwer ze mixen an ouni vill Schnick Schnack doriwwer ze rappen.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

Possum.jpg
Album vun der Woch

Stramm psychedelesch Rockmusek fir sech an aner Sphären ze lancéieren: d'kanadesch Band "Possum" hëlt een zeréck an d'60er. Hire progressive Sound ass awer wäit méi wéi eng Pastiche.

e43.jpg
Sample vun der Woch

All Hip-Hopper-Häerz schléit e bësse méi séier, wann en d'Bongoen am Ufank vun dësem Lidd héiert. Déi stamen nämlech vu Greenwood, Archer and Pine Street Band aka The Gap Band.

Snapped Ankles
Album vun der Woch

De Bandnumm Snapped Ankles mécht een e bësse mulmeg. Wie wëllt schonn e Fouss gestallt kréien? Wat bei Snapped Ankles reieweis ëmfält, sinn allerdéngs net d'Nolauschterer, mee d'Sécherheeten an hire Käpp.

e41.jpg
Sample vun der Woch

No engem Sträit mat sengem Label konnt den Carl Carlton eng Zäit an de 70er näischt méi ophuelen. 1981 huet hie sech du mam Album "Carl Carlton" zeréckgemellt, op deem och "She's a Bad Mama Jama" - säi gréissten Hit an eise Sample vun der Woch - drop ass.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Sot emol vun 10 bis 11

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Tockcity

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen