Album vun der Woch Station 17 - Blick

Station 17 - dat si Museker mat an ouni Behënnerung. Net méi, mee och net manner. Viru ronn 30 Joer aus enger Wunngrupp entstanen, huet sech e Kollektiv vu Museker elo schonn duerch zéng Diske gespillt. A mam Album "Blick" ass virun engem knappe Mount den Debut beim Label Bureau B erauskomm.

Tom Dockal / cz

Station 17
Station 17 / Foto: Maximilian Probst

Station 17 sinn net just personalméisseg, mee och musikalesch schwéier ze kategoriséieren. Dat ka riichte Pop sinn, oder vertrackt verbruete Rockmusek. D'Inklusioun, déi iwwer Joren och als Mëttel zum Zweck zur super Musek verstane gouf, huet mat sech bruecht, datt ëmmer nees Gaaschtmuseker an de Station 17 Studio eraluussen.

A fir d'Ophuelsessions vu "Blick" si genee sou vill Museker wéi Tracks um Album invitéiert. Faust, den Andreas Spechtl vu Ja, Panik, de Pyrolator an den Andreas Dorau, fir just déi éischt véier op den éischte véier Songs ze nennen.

Kee konzeptuellt Gerüst

De Roster vun exklusiv Gaaschtmuseker stëmmt natierlech mam Telefonsbuch vum Label iwwertenaner. D'Band ass dës Kéier mat null musikalescher Konditioun an de Studio eragaangen. Kee konzeptuellt Gerüst, keng virgeschriwwe Songtexter. Eleng d'Invitéë ginn, wann iwwerhaapt, en Hauch vun enger Richtung vir.

Datt den Openingtrack "Le coeur léger, le sentiment d'un travail bien fait" mat den Häre Jean-Hervé Person a Werner Diermaier anescht kléngt wéi den Track "Schaust du" mam NDW-Veteran Andreas Dorau, läit op der Hand. De verséierte Museker kuckt op d'Tracklist an ass voller Virfreed, wat do ënner dem Matwierke vun all deene Leit entstanen ass, mee och sou ass den Disk voller Iwwerraschungen.

D'Plack mécht einfach Spaass

Et knallt, d'Auer schwätzt, de Schimmelreiter reit hannerzeg, et gëtt duerch e Stärenteleskop an iwwer d'Stad gekuckt, en Zauberpudding giess an da glotzen d'Saachen een un. Dat héiert sech resüméiert zimlech far out psychedelesch un, an dat ass et bis zu engem gewëssene Grad och. Mee dat funktionéiert dank där fräier Approche, fir déi Station 17 optéiert hunn. Wann ee Krautrocker mat u Bord hëlt, ass d'Affinitéit zum Krautrock eng logesch Resultant. Mee net just. Tëschent de Genren, déi op "Blick" hir Plaz fannen, gëtt manner no hanne gekuckt, wéi een dat menge kéint. Mee och net no vir.

Dee grousse Worf op "Blick" ass, wéi am Moment, am Elo alles a jiddereen ass. An net just déi méi oder manner al Gaaschtmuseker, mee virun allem d'Museker vu Station 17. Si benotzen alles a jiddereen, voir d'Invitéeën, fir am Moment e staarkt Stéck Rock ze spillen. Et blubbert, kraacht a bumbumt, flackert, wummt a mécht ganz einfach Spaass. Eng bäckesch Dose Museker waren dobäi zum Deel gläichzäiteg um spillen. Dee Fokus bei sou ville Leit an déi resultéierend tight Musek ass beandrockend.

Ophalen a Kategorien ze denken

Ofschléissend: Zur Inklusioun huet den aktuelle Keyboarder vun der Band, den Hauke Röh leschtens an der taz gesot: "Inklusioun heescht deelhuelen. Mee Inklusioun bedeit och, opzehalen a Kategorië wéi Mann oder Fra, hetero- oder homosexuell ze denken.

Ech schwätze léiwer vu Mënsche mat Behënnerung. Dat léisst op, ob de Mënsch behënnert ass oder behënnert gëtt." 18 Stonne Musek sinn an der leschter Session opgeholl ginn. Am Hierscht kéint vläicht nach en Disk aus den Nordseesessions erauskommen. Wann dat sou super gëtt, wéi op "Blick", dann nëmme lass.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

Bartleby Delicate
Bartleby Delicate

A senger neier Single beschäftegt de Lëtzebuerger Sänger Bartleby Delicate sech mam Begrëff Heemecht. Dee sollt an enger digitaliséierter Welt nei beluecht ginn. Als Artist misst ee Stellung bezéien.

Tuys
Indie Rock

Eigentlech hate si kee Plang. Awer den Debut-Album vun der Lëtzebuerger Band Tuys kléngt erstaunlech homogen. Obwuel vill gutt Lidder drop sinn, ass et méi wéi eng Usammlung vu Singelen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen