Album vun der Woch Snapped Ankles - Forest of Your Problems

De Bandnumm Snapped Ankles mécht een e bësse mulmeg. Wie wëllt schonn drun denken, datt engem seng Enkelen noginn, dat géing schliisslech Ëmfale bedeiten. Wat bei Snapped Ankles reieweis ëmfält, sinn allerdéngs net d'Nolauschterer, mee d'Sécherheeten an deenen hire Käpp, fënnt de Marc Clement a bréngt de Londoner hir nei Scheif "Forest of Your Problems" als Album vun der Woch mat.

Marc Clement / tt

Snapped Ankles
D'Band Snapped Ankles huet hire fënneften Album "Forest Of Your Problems" op Leaf erausbruecht.

Gebuer op DIY-Partyen am Oste vu London, waren den anonymme Schamanen hir éischt Performances aus Samples zesummegeschnidden, déi si a 60er Jore Filmer fonnt waren, a mat hire Synthesizer begleet hunn. Et war eng Art zynesche Kommentar op d'Konsumgesellschaft, déi deemools nach wonnerbar onkritesch aus de Biller, Hautparleuren a Geeschter geschat huet.

Hiren ekologesche Message mécht schonn déi éischt Single kloer, déi 2012 erauskoum an "True Ecology" geheescht huet. 5 Joer huet et gedauert, hir Visioun vu fonnte Sounds op gespilltener, vu Commentaire op Kreatioun ze bréngen. "Come Play the Trees", hire mat schamanistesche Biller spillenden Debut, bréngt hinnen 2017 Vergläicher mat The Fall a Can an.

Viru lauter Beem...

Och Album Nummer 5, Forest of Your Problems, Ufank Juli op Leaf erauskomm, erzielt vun de Beem, mee net vun deenen, déi ee wëll ëmäermelen, mee éischter déi, vun deenen een de Bësch net méi gesäit. D'Konsumkritik ass intakt, den Ekologismus och, mee déi Kéier ginn all déi Forcen an der Gesellschaft, déi sech op der gudder Säit gesinn - Hipster, Rechthaber, Aktivisten - ënner d'Lupp geholl an et bleift éierlech gesot kee gutt Hoer un hinnen.

Den Titel vum zweetleschte Song, Xylopphobia, encapsuléiert vill vum Album sengen Aussoen. Griichesch fir Angscht virum Bësch, zeechent eis zivilisatoresch Ofhängegkeeten a Luxusgewunneschten of, déi de mikroben a milbebesatene Bëschbuedem net méi verdroen. Mee och eis Zeréckscheien virun engem Bësch vu Meenungen, Usiichten a gesellschaftleche Konflikter, déi an enger suergsam kuratéierter Informatiounsblos net méi andrénge kënnen.

Feier mat Feier bekämpfen

Musikalesch gesinn ass der Band hir schamanistesch Vergaangenheet op dëser Plack an eppes méi Maschinelles verwandelt ginn. Net nëmmen textlech, mee och musikalesch gesinn, bekämpfen d'Snapped Ankles Feier mat Feier. Hir perkussiv Krautrock-Percussioune klénge maschinell, net méi pantheistesch oder wëll. Op "Rhythm is our business" hëllt d'Band esouguer hir eegen Effikassitéit op d'Schëpp a vergläicht se mat där vu grousse gliesene Burösgebaier an der Muecht vu Kostüm a Krawatt.

Musikalesch bleift et wëll a resolut rhythmesch, mee mat engem ugeschwäerzte Witz, an enger gewolltener automatescher Onbehollefheet, déi och den Amerikaner DEVO gutt géif zu Gesiicht stoen. D'Synthesizer-Sounds allerdéngs sinn ee Stéck méi sophistiquéiert wéi soss a Post-Punk-Stécker, a baue ronderëm 60s-Uergelen a punkeg Gittaren eng Welt, an där scheinbar vill ze vill Saachen op Autopilot lafen.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

WARP331_Packshot_1400-1280x1280.jpg
Album vun der Woch

Déi drëtt Plack, déi déi brittesch Songwriterin um Label Warp erausbréngt verréit seng Retro-Ausriichtung schonn am Titel. E Beroueger fir Leit, déi a kuerzer Zäit vill Vergaangenheet ugesammelt hunn.

Hildegard
Album vun der Woch

Mat "Hildegard" hu sech zwou faszinéierend Musekerinnen zu enger nach méi faszinéierender Hybridfigur verstréckt. Déi franséisch-quebecquois Kollaboratioun sicht, fënnt a mécht d'Grenze vum elektronesche Pop dem Äerdbuedem gläich.

SpudBencer
Nei Single: SpudBencer - Thoughts (feat. Rome in Reverse)

De fréieren "In Circles" huet säin DJ-Numm ravivéiert an eng nei Single als Spud Bencer erausbruecht, mat engem EP am Schlepptau. Dat bei engem ganz neie Label a mat enger neier musikalescher Collaboratrice.

Japanese Breakfast Jubilee
Album vun der Woch

Jubilee, den zweeten Album vun Japanese Breakfast, ass eng Sammlung vu groussaartege Popsongs, déi trotz enger gewësser Melancholie ganz lëfteg dohierkommen, a sech immens gutt lauschteren.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Sot emol vun 10 bis 11

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen