Album vun der Woch Musek, wéi e Film

"Slowmotionary" héiert sech u wéi e Collage. Erënnerungen u Kalifornien, verluere Léift, d’Trennung vu sengen Elteren. Den Ethan Gruska huet eng ganz Rei vun Themen efficace a sober op senger neier Plack verschafft.

Jamie Reinert / mak

Ethan Gruska.jpg
Foto: Eliot Lee Hazel / WBR Press

De Museker verschafft op "Slowmotionary" eng Period vun Transitioun a sengem Liewen, mat enger Verlobung an dem Fortgoen aus senger fréierer Ëmgéigend. D'Stécker op der Plack sinn deementspriechend perséinlech an halen zerbriechlech Momenter fest. A senger zaarter, weiblecher Stëmm héiert een dës Vulnerabilitéit gutt eraus.

Och de Kino spillt am Ethan Gruska senger Musek eng grouss Roll. Seng Texter wierken immens visuell. D'Stécker sinn deelweis knapp a lauschtere sech wéi Kuerzgeschichten, oder besser gesot Kuerzfilmer. Am Zentrum vu "Slowmotionary" steet e wonnerbar gedämpfte Piano, deen a sengem Expressionismus un den Chilly Gonzales erënnert.

E Piano am Mëttelpunkt

Dee waarme Piano, deen dréchen opgeholl ginn ass, gouf dono deelweis mat diversen Effekter gepeffert. Während eng akustesch Gittar och present ass, daucht just rar eng Batterie op. Soul an R&B schwénge mat, a Folk-Téin natierlech och.

Den Ethan Gruska schafft mat Gedold. Wéi den Titel vum Album et scho vermudde léisst, dréit de Museker d'Zäit méi lues. "Slowmotionary" bréngt de Geescht vu Laurel Canyon an d'Modernitéit eriwwer. Den Album erënnert duerch seng melancholesch Intimitéit un dem Tom Waits seng éischt Plack "Closing Time" vun 73, wann och méi geschlaff.

Thema Kandheet

De Solo-Projet vum Ethan Gruska ass manner ofhängeg vun de gewéinleche Codë vu Chorus an Hook. "Slowmotionary" bleift zougänglech, an awer mysteriéis. Vun der Sonoritéit an den Texter hier ass den Album de musikaleschen Equivalent vun engem gudden amerikaneschen Independent Film.

Och d'Thema vun der Kandheet daucht dacks op. Um Stéck "The Valley" séngt den Ethan Gruska "If childhood defines you, can it ever be left behind". Wéi den Holden Caulfield am J.D. Salinger sengem "The Catcher in the Rye", refuséiert de kalifornesche Museker seng Kandheet vu sech selwer ze trennen. Den Ethan Gruska kënnt aus enger musikalescher Famill an huet sech dacks misse beweisen. Säi Papp ass den Jay Gruska, ee fréiere Member vu "Three Dog Night", an huet Lidder fir de Michael Jackson geschriwwen huet. De Grousspapp war keen aneren, wéi de legendäre Filmkomponist John Williams.

Den Album ass an enger Paus vum Projet "The Belle Brigade" entstanen - dem Ethan Gruska säin Duo, zesumme mat - wie wonnert et - senger Schwëster Barbara.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Jamie Reinert
Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen