Live-Musek Skibi: "mir spigéieren alleguer e bëssen"

Déi nächst Aircheck-Session ass dëse Samschdeg, den 20. Mäerz um 17:00 an der Kulturfabrik. E Concert, deen dann och vum radio 100,7 live iwwerdroe gëtt. Op der Affiche steet déi Kéier de Lëtzebuerger Rapper Skibi. Kierzlech huet hie säin Debut verëffentlecht a fir den Titel ze verstoen, muss virop emol e bësse Slang definéiert ginn.

Jamie Reinert / cbi

Skibi

Jamie Reinert: Däin éischten Album "Ze Spigé" ass elo Enn Februar verëffentlecht ginn. Vläicht sinn ech ze al, mee wat bedeit d'Wuert "spigé"?

Skibi: "Spigé" kënnt vu "spigéieren" an ass e Slang Wuert. Et bedeit opzefalen op eng Aart a Weis wéi een net soll. Et ka méi liicht sinn, kann awer och an dat kriminellt iwwergoen. Do huet jiddweree säi Choix, mee generell spigéiere mer alleguer e bëssen.

Um Album gëtt deemno och vill spigéiert...

Jo dann Album heescht jo och "Ze spigé", well ech ze vill spigéieren am Sënn vun dass ech dat am Fong net sollt maachen hei zu Lëtzebuerg, well jiddweree kennt sech a firwat soll ech esou Saachen zielen, déi ech do eben zielen.

Gëtt et e roude Fuedem um Album?

Jo, wéi ech un d'Saach eruginn vun der Attitüd hir. Dem Crux seng Beats hunn eng bestëmmte Signatur fannen ech. Et geet vun Trap op Old-School, mee et ass ëmmer moderne Boom-Bap. De roude Fuedem ass, datt seng Beats mech do duerch schloen a peitschen. Ech wiessele mech ëmmer gären of, vun de Stëmmungen hir, wéi ech sinn. Heiansdo aggressiv, heiansdo traureg.

Du waars och am Ausland e bëssen ënnerwee, an Holland an Däitschland. Wéi huet dat dech stilistesch beaflosst?

Den europäesche Spirit vum Hip-Hop huet et mer ginn. An Europa an de Groussstied si vill Rapper, an d'lokal Communitéiten an Holland, a Frankräich, an der Belsch wuesse grad iwwerall. Dat huet mir eng Identitéit. D'Leit, ob zu Amsterdam oder Berlin, schwätzen iwwer hir Stied, a wann ech zu Lëtzebuerg sinn, maachen ech dat selwecht. Ech schwätzen iwwer meng Stad.

Dëse Samschdeg trëts de dann an der Kufa op fir eng Aircheck-Session. Wat erwaart eis a wie bréngs de mat op d'Bün?

Et erwaart Iech eng ee-stonneg Rap-Show vum Feinsten op lëtzebuergesch. Et gëtt spigéiert a mat dobäi sinn all déi Leit déi involvéiert waren um Projet. Mir konnten eis alleguer nach net gesinn zanterdeem s datt den Album eraus ass. Et kann ee momentan keng richteg Release maachen, an et dass schéin, datt mer dat hei awer organiséiere konnten.

An der Mediathéik:

Backstage / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Rome Aircheck-Session
Live-Musek

Den Neo-Folk Museker Jérôme Reuter gëtt en Abléck a säin neien Album "Parlez-Vous Hate?". Dëse Samschdeg um 17 Auer spillt Rome eng Aircheck-Session. De Concert gëtt um 100,7 aus der Kulturfabrik iwwerdroen.

Evelinn Trouble
Live Musek am Stream

Fir och an der Pandemie méiglechst ville Leit Accès zu Live Musek z'erméiglechen, hu mir d'Aircheck Sessions an d'Liewe geruff. D'Evelinn Trouble proposéiert en intimistesche Solo-Set mat Gittar a Piano.

Aircheck Session Evelinn Trouble
Endlech nees live Musek

Dëse Samschdeg um 17 Auer spillt d'Evelinn Trouble eng Aircheck Session. D'Sängerin aus der Schwäiz erzielt vun hirem éischten Album, hirem kreative Prozess an hirer Loscht fir endlech nees opzetrieden.

Live Painting bei Aircheck Session vum Eric Mangen
Musek trëfft op Molerei

Bei der Aircheck-Session vun der Benoit Martiny Band an der Kulturfabrik huet de Kënschtler Eric Mangen eng Toile gemoolt. De Video vum Live Painting gëtt elo um KulturKanal gewisen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen