arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Say Yes Dog spillt neie Song um radio 100,7

Studio 8 Session

|
reading time

1 min

Say Yes Dog spillt neie Song um radio 100,7

D'Lëtzebuerger Band schafft momentan un engem neien Album. Exklusiv um radio 100,7 devoiléiere si dat neit Lidd Lies. De Video ass déi éischt Session vun där neier Serie Studio 8.

reading time

1 min

Déi schlicht Kuliss vum Studio 8 am radio 100,7 bitt e perfekte Kader fir Musek op eng éierlech Manéier an d'Fënster ze stellen. Den Optakt vun där neier Serie mécht den däitsch-lëtzebuergeschen Trio Say Yes Dog.

Mat "Lies" presentéiere si exklusiv en neie Song. Den zweete Longplayer vun der Elektropop-Formatioun kënnt Ufank 2019 eraus. Donieft interpretéiere si hire grousse Succès "A Friend". Am Januar wäerte Say Yes Dog niewent Napoleon Gold um Eurosonic Festival optrieden.