Bobby Bieles Sample vun der Woch: Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

"Sister Sledge" ass eng amerikanesch Grupp a besteet aus de Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge. Hiert Lidd "He's the Greatest Dancer" gouf ënner anerem vum Will Smith gesampelt.

Bobby Bieles / cbi

e3.jpg

"Sister Sledge" ass eng amerikanesch Grupp aus Philadelphia, Pennsylvania. Gegrënnt am Joer 1971, besteet d'Grupp aus de Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.

Si hunn eng Handvoll Singles Ufank 70er erausbruecht an hate souguer Optrëtter zu Tokyo an hunn och 1974 am Zaire nieft dem James Brown wärend dem Rumble in the Jungle Boxing Event gespillt.

Si hunn eng gescheit Mëschung vun Pop-R&B am Genre vun den Jackson 5, Philly Soul, Funk an Disco gespillt. D'Grupp huet vill op der Eastcoast getourt, dorënner New York, New Jersey, an Heemechtsstad Philadelphia.

Héichpunkt an der Disco-Ära

Virun 1979 war Sister Sledge kee grousse Numm an der R&B/Disco Welt. Si erreechen hire kommerziellen Héichpunkt wärend der Disco-Ära, hiren Duerchbroch hunn si 1979 mat hirem Album "We Are Family".

D'Leit, déi fir hire kommerziellen Erfolleg zoustänneg waren, sinn den Nile Rodgers a Bernard Edwards. Déi zwee Membere vun der Grupp Chic hunn all d'Schreiwen, d'Produktioun an d'Arrangement vun dësem Album geréiert.

Niewent senger Grupp Chic ass den Nile Rodgers verantwortlech fir Welthits vun Diana Ross, David Bowie, Madonna, an an der lescht souguer Daft Punk oder Beyoncé. Et ass also net iwwerraschend, datt bal alles op "We Are Family" e bëssen no Chic klengt.

Dat stëmmt besonnesch fir déi zwee Titelen "We Are Family" an "He's the Greatest Dancer". D'Grupp gouf fir e Grammy Award nominéiert an "We Are Family" gouf als offiziell Hymn fir d'Baseball Equipe "Pittsburgh Pirates" ugeholl, déi dat Joer d'Weltmeeschterschaft gewonnen hunn. Doropshin war "Sister Sledge" invitéiert fir d'Nationalhymn beim Eröffnungsspill virun 45.000 Fans ze spillen.

"He's the Greatest Dancer" gouf vum Will Smith a senger 1997 Nummer 1 Hit Single "Gettin' Jiggy with It" gesampelt, déi éischt Single, déi hie vu sengem Album "Big Willie Style" erausbruecht huet.

Am Joer 2000 huet den DJ Tony Touch eng nei Versioun vum Lidd opgeholl, mam Titel "I Wonder Why? (He's the Greatest DJ)," deem seng Texter vum Keisha Spivey a Pam Long vun der R&B Girl Group Total gesongen goufen. Dat war op sengem éischten Album "The Piece Maker".

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

e2.jpg
Sample vun der Woch

De Grupp "The Tim"e ass en Nieweprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vun "The Time" live op der Bün interpretéiert. 777-9311 gouf dacks gesampelt, ënner anerem vum 2Pac.

e52.jpg
Op der Sich nom Sample

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt. D'Lidd gouf iwwer 220 Mol gesampelt, de Bobby Bieles stellt der e puer vir.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen