Bobby Bieles Sample vun der Woch: Melissa Morgan - Fool's Paradise

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

Bobby Bieles / sam

e12.jpg

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt, ass eng amerikanesch R&B a Soul Sängerin an Songwriterin. Si ass 1964 zu Queens, New York, gebuer, an huet hire Start an d'Museksindustrie mat engem Gospelchouer gemaach.

Vu Shades of Love bei High Fashion

D'Morgan zitéiert Chaka Khan als e groussen Afloss. Si war als éischt d'Leadsängerin vun der Grupp Shades of Love. Hiren éischte richtegen Dance-Hit war 1982 mam Lidd "Body to Body (Keep in Touch)".

Am selwechte Joer huet de Musekentrepreneur Jacques Fred Petrus gefrot, fir datt si a senger neier Grupp High Fashion matspillt. Déi sollt aus dem Morgan an zwee aner Sänger aus New York bestoen, dem Eric McClinton an Alyson Williams. High Fashion hat een eenzegen Hit, "Feelin' Lucky Lately".

1983 ass d'Morgan fortgaangen a gouf an der Grupp duerch d'Jazz-Sängerin Marcella Allen ersat. D'Morgan huet dunn als Back Sängerin mam Chaka Khan, Whitney Houston a Melba Moore geschafft.

Solo-Karriär

Als Solo-Kënschtlerin war si mat hirer Reprise vum Prince sengem "Do Me, Baby" fir dräi Wochen un der Spëtzt vun den R&B-Charts. Dat gouf och den Titeltrack vun hirem Debutalbum. Vun deem Album staamt och dat Lidd vun deem mir haut schwätzen: "Fool's Paradise".

Et mierkt ee staark den Afloss vun Chaka Khan, mee d'Morgan probéiert si awer an kenger Hisiicht nozemaachen. Si huet selwer eng kräfteg Stemm a liwwert hei e kompromësslosen R&B. Si klengt selbstsécher an erwuessen, a schwätzt Fans vun zum Beispill Luther Vandross oder Freddie Jackson un.

Dëst huet och d'Mary G Blige verstaan, wou si de Refrain vum Jay-Z sengem Lidd "Can't Knock The Hustle" iwwerholl huet. Leider ass si net am Jay-Z sengem kultesche Video vun deemools ze gesinn, wéinst engem interne Konflikt beim Label Roc-A-Fella.

Mee de Big L hat scho virdrun eng Versioun mam selwechten Sample opgeholl, deen awer ni erauskomm ass. Hei ass d'Lidd "Hit It".

Eng bësse méi witzeg Versioun huet den MC Bomber viru kuerzem erausbruecht, an zwar "Münzmallorca" zesumme mam Karate Andi & Rokko Weissensee.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

e7.jpg
Bobby Bieles

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet. D'Grupp war aktiv tëschent 1979 an 1989.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen