Al Green - Let's Stay Together Sample vun der Woch: Eng Nummer 1
Den Al Green huet seng Gesangskarriär am Alter vun néng Joer ugefaangen als Member vun der Gospelgrupp vu sengem Papp, de Green Brothers. An de fréien 1960er huet hien d'Grupp Al Green and the Creations mam Curtis Rogers a Palmer Jones gegrënnt. D'Creations hu sech a Soulmates ëmbenannt an hunn 1967 en Hit mam Song "Back Up Train" gelant.

Den Al Green huet den Hi-Records-Produzent Willie Mitchell am Joer 1969 kennegeléiert. Zesumme mat him ass dem Green säin Hit "Tired of Being Alone" entstanen. Den Album "Al Green Gets Next to You" (1970) huet et an d'amerikanesch Charts gepackt. Deen nächsten Album "Let's Stay Together" (1972) war och e groussen Hit - den Titeltrack erreecht locker d'Nummer 1.
Den Album "I'm Still in Love with You" koum 1973 eraus, a just herno koum "Call Me" mat de Singles "Here I Am", "Call Me" an "Make me happy" eraus.
Den Al Green gouf domat e Superstar vu Soul an R&B. No engem Sträit mat senger deemoleger Frëndin gouf de Green 1974 schwéier verletzt. Ënner dem Impakt vun dësem Evenement huet hie seng eege Kierch zu Memphis gegrënnt a gouf do Priedeger. 1977 huet de Sänger säi Studio American Music opgemaach. Hien huet dës zwee Albume selwer produzéiert, "The Belle Album" (1977) an "Truth and Time" (1978).
Al Green widmet sech dem Gospel
Allerdéngs hat hien domadder manner kommerziellen Erfolleg, wéi mat senge fréieren Albumen. 1979 ass den Al Green beim Optrëtt vun der Bün gefall. Him ass weider näischt geschitt, mee hien huet dat als Zeeche vu Gott gesinn a sech vun deem Moment u ganz dem Gospel gewidmet. "The Lord Will Make a Way" war deen éischte vu villen Albumen an dës Richtung.
Mee hei schwätze mir besonnesch iwwer dem Green säi véierten Album "Let's Stay Together". Den Titeltrack gouf e puer mol am Hip-Hop gesampelt, dorënner och vum Englänner Lethal Bizzle fir säi Lidd "Had to Go". Dat war op sengem Album "Against All Oddz" vun 2005.
Och den 9th Wonder sampelt den Track
En anert Beispill sinn déi dräi Kolleege vu Little Brother. Den 9th Wonder sampelt dem Green säi Lidd fir "Light It Up" vum Album "The Listening" doraus ze maachen.
Mee den Al Green hat et scho virdrun an dem Master P säi Sampler gepackt. An zwar am Joer 1996 mécht hie "The Ghetto Won't Change" op sengem Album "Ice Cream Man" doraus.