Lyn Collins - Think (About It) Sample vun der Woch: En absolutte Klassiker

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break" - laut Google op d'mannst 3.165 Mol. D'Lidd gouf geschriwwen a produzéiert vum James Brown a koum 1972 eraus.

Bobby Bieles / tt

e43.jpg

Laut Google si mer mëttlerweil bei 3.165 Lidder, déi de "Think-Break" benotzt hunn, an et ginn der all Dag méi. De "Think-Break" gëtt esou genannt, well e vum Lidd "Think (About It)" vun der Lyn Collins staamt. D'Lidd gouf geschriwwen a produzéiert vum James Brown a koum 1972 eraus. D'Collins war scho Sängerin mat 14 Joer an ass mat 20 als Vokalistin an dem James Brown seng Grupp agetrueden.

D'Lidd "Think (About It)" ass hiren éischten an eenzege groussen Hit a war op hirem Album mam selwechten Numm. Den Track leeft ongeféier op 115bpm, huet vill verschidde Break-Sektiounen a bitt propper Drums mat energesche Adlibs a propperem Tambourin. Den Drumbreak a sech ass gespillt vum John "Jabo" Starks.

1987 koum "Think (About It)" um 16. Volume vun der Break Compilatioun "Ultimate Breaks & Beats" eraus, eng héich populär Serie ënner Hip-Hop-Produzenten. Kuerz drop koum den "It Takes Two" vum MC Rob Base & DJ EZ Rock eraus, dee bal komplett aus gesampelten Deeler vu "Think (About It)" besteet. E gouf séier e risegen Hit.

Dat war den Ufank vum zweete Liewen vun der Collins hirem Lidd. Eleng am Joer 1988 gouf d'Lidd iwwer 50 Mol gesampelt an hat sech als Standard Rhythmus hanner deene meeschte Raplidder vun deemools etabléiert. Dat ass gaange vun Heavy D, EPMD, Slick Rick, 2 Live Crew, bis NWA, jiddwereen huet et minimum eemol benotzt. Dance Musek vun de Mëtt 90er huet och eng grouss Roll gespillt, an esou Gruppe wéi 2 Unlimited oder Bomfunk MCs goufe staark vun dësem Break inspiréiert.

Ufank 2000er gouf de Break och e wesentleche Bestanddeel vu verschiddenen neie Genren, wéi zum Beispill Baltimore Club Music, kuerz B-More.

Kuerz drop hunn d'Crookers och de Break fir sech nei entdeckt an 2008 hire Kid Cudi Remix vun "Day 'N Nite" dorop baséiert.

Mee wärend der ganzer Zäit, an där Hip-Hop an Dance dëse Sample benotzt huet, hat de Break parallel genausou vill Succès an der Drum and Bass Zeen, wéi hei zum Beispill mam Netsky sengem "Midnight Express".

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

e42.jpg
Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

De Film "Dharmatma" koum 1975 eraus an huet e grandiose Soundtrack mat epeschen Hymnen, dee geneesou accessibel wéi spannend ass. Et ass erstaunlech, datt de Madlib de Sample fir "Champion Sound" benotzt huet.

e41.jpg
The Ambassadors - Ain't Got The Love

The Ambassadors haten 1969 nëmmen ee klenge R&B-Hit, "I Really Love You", eng dramatesch Ballad mat engem Bléiser-Riff. Mat hirem Album "Soul Summit" hu si awer zum Héichpunkt vum Philadelphia Soul Stil bäigedroen.

e40.jpg
Roy Ayers - The Memory

De Roy Ayers ass ee vun de bekanntste Vibrafonisten zanter den 1960er Joren. Säi Ruff ass dee vun engem Prophéit vum Jazz-Funk an Acid Jazz. Säi Lidd "The Memory" huet et besonnesch de Rapper vun der Westcoast ugedoen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen