Musikalesch Visittekaart Roger Hamen, mat "Drummer-Oueren"

De Roger Hamen huet ganz vill mat Musek a mat der Lëtzebuerger Zeen ze dinn. Dofir weess hien iwwer déi Titelen, déi hien op seng musikalesch Lëscht gesat huet, déi eng oder aner Geschicht z'erzielen.

Fred Medernach / cwi

Roger Hamen
Roger Hamen

D'Little Blues Band ass déi musikalesch Statioun Nummer 16 fir de passionéierten Drummer vum Briddel, de Roger Hamen. Schonn an de 1960er war hie mat der Band "The Friends" hannert der Schéissbud aktiv. An dat mat grad emol 13 Joer.

Als aktive Museker, an ënnert anerem éischten Direkter vun der Rockhal a Responsabele vum Centre de ressources huet de Roger Hamen - no enger Carrière op der Bank Of America - vill an enke Kontakt mat der Lëtzebuerger an der internationaler Musekszeen. Dëst Kapital kënnt him als musikalesche Beroder fir zum Beispill de Luxembourg City Tourist Office oder der Fête de la Musique zegutt.

E bëssen Nostalgie

"Ech hu meng Lëscht mat Lidder, déi ech matbruecht hunn, natierlech mat Drummer-Oueren zesummegestallt", resüméiert de Roger Hamen seng Auswiel vun Musekstitelen. Mee et wier och eng Partie Nostalgie derbäi gewiescht … dofir ass seng musikalesch Visittekaart och gefëllt mat Réckblécker op d'1960er an 1970er Joren.

Och weess de Roger Hamen esou muench Geschicht z'erzielen, déi bei säi musikalesche Choix passt: Hien erënnert sech zum Beispill, wéi hie mat 20 Joer an der Villa Louvigny d'Grateful Dead live erlieft huet, mat der Countrygréisst Lyle Lovett bei Haasse Luss zu Esch am Bistro gefachsimpelt huet oder de Concert vun den Eagles zu L.A. bei der amerikanescher 200-Joer-Feier 1976 suivéiert huet.

D'Playlëscht vum Roger Hamen

  • The Rolling Stones - The Last Time
  • Lyle Lovett - I've Been To Memphis
  • The Beatles - I Am The Walrus
  • Led Zeppelin - Good Times Bad Times
  • John Mayall - Walking On Sunset
  • Grateful Dead - Truckin'
  • James Taylor - Country Road
  • The Eagles - Take It Easy
  • Calexico - History Of Lovers (just an der Rediffusioun um 18.30 Auer

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Xiu Xiu Forget
Forget vu Xiu Xiu

Deen neien Album vu Xiu Xiu vibréiert am Spannungsfeld tëschent Schéinheet a Cacophonie. Den Art Pop Quartett wielt net deen einfache Wee. Awer wie mat trëppelt, gëtt um Enn belount. Versprach.

Metromara
Metromara

Um Urban Jazz-Projet Metromara sinn dräi Muséker aus Lëtzebuerg bedeelegt. D'Band ass de Moment op Tournée. Si erkläre wéi hir Musek entsteet a wat se mat engem Diesel-Moteur ze doen huet.

Dirty Projectors
Album vun der Woch

Wann eng Relatioun an d'Bréch geet, dann ass dat am Allgemengen näischt Schéines. Ausser, et kënnt ee wonnerbaren Album dobäi eraus. De siwenten Album vun Dirty Projectors ass dofir ee gutt Beispill.

Laurent Loschetter
Musikalesch Visittëkaart

De Laurent Loschetter ass als Patron vum "Den Atelier" am Alldag vu Musek ëmginn. D'Programmatioun am Hollerecher Concertssall fierft och op säi private Museksgoût of.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen