"'9 Dead Alive' war vill méi e Konzeptalbum, wéi deen neien Disk", seet de Rodrigo Sánchez. De Kontext wier dës Kéier méi perséinlech. "Et ass op eng gewësse Manéier mystesch, wéinst Erfarungen, déi d'Gabriela an ech haten, wéi mir den Album geschriwwen hunn."
D'Messagë wieren éischter ënnerschwelleg. Den Titel "Mettavolution" bedeit Evolutioun duerch Matgefill, seet de Gittarist. "Technologesch hu mir eis immens weiderentwéckelt. Awer am Fong hu mir eist Verhalen als Mënschen net vill verännert. Mir zerstéiere sou zimlech alles, wat mir kruten."
Den neien Album kënnt de 26. Abrëll eraus. Deen éischten Titel, deen den Duo verëffentlecht huet, ass eng Coverversioun vum Pink Floyd-Song Echoes. Dee géif immens gutt bei den Thema vum Album passen, erkläert de Rodrigo. Gläichzäiteg gesäit hie Parallellen tëschent Pink Floyd a Rodrigo Y Gabriela. "Mir hunn eng musikalesch Welt geschaaft, déi iergendwou am Mainstream-Beräich läit, ouni selwer wierklech Deel vum Mainstream ze sinn."
D'Rolle si beim Duo kloer verdeelt: D'Gabriela Quintero spillt Rhythmus-Gittar, an de Rodrigo Sánchez spillt Lead-Gittar. Dat wier schonn ëmmer esou gewiescht, seet hien. "Ech si bësse wéi de Sänger a Gittarist, an hatt ass de Batteur a Bassist vun der Band."
Den Yves Stephany am Gespréich mam Rodrigo Sánchez