Reis-Demuth-Wiltgen Pilier vum lëtzebuergeschen Jazz

An deene leschte Joeren huet de Lëtzebuerger Trio Reis/Demuth/Wiltgen international sech en Numm gemaach als ee vun deene beschten Ambassadeuren vum lëtzebuergeschen Jazz. Zanter Joeren touren d'Museker ronderëm de ganze Globus a sammelen vun Jazzspezialisten nëmme exzellent Kritik.

Manuel Ribeiro / cz

Reis Demuth Wiltgen-2.JPG
Reis Demuth Wiltgen

Jazz-CD: Reis/Demuth/Wiltgen - Once in a blue moon

Label: CAM JAZZ RECORDS

Musek
Klang

Den Trio Reis/Demuth/Wiltgen huet den 11. Mee 2018 d'Release vun hirem drëtten Disk gefeiert. Am "Once in a blue moon" hunn déi dräi Museker ouni Gäscht 13 Tracks agespillt. Melodiös, Kontrast- an improvisatiunsräich!


Wat de Sträichquartett der Klassik ass, ass dësen Trio am Jazz, mam Piano, Sträichbass a Batterie.

Nach 2017 am Stater Conservatoire, oder am Abrëll 2018 an der Philharmonie, ass de bekannten Jazz-Saxophonist Joshua Redman zesumme mam Trio a mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, opgetrueden. Net just aus Héiflechkeet, mee einfach duerch déi héich Kompetenz a Qualitéit, déi de Redman um lëtzebuergeschen Trio schätzt.

Et de Trois! E Genoss als akusteschen Jazz

Nom Album "Reis/Demuth Wiltgen" (2013) an dem exzellenten zweeten Album "Places in Between" (2016), huet den Trio den 11. Mee 2018 säin drëtten Album beim Label CAM JAZZ RECORDS erausbruecht .

"Once in a blue moon, heescht esou vill wéi "kënnt nëmme ganz seele vir", seet de Batteur Paul Wiltgen, iwwert den Titel vum Album, den eigentlech direkt näischt mat der Musek vum Album ze dinn huet.

Trotzdem passt den Titel. Nëmme seelen kënnt esou e gudden Jazz-Album eraus, och wann de Pianist Michel Reis eis am Interview verroden huet: "Ech hunn nach ni esou séier neit Material geschriwwen an esou séier an Album domat opgeholl."

D'Museker kenne sech schonn iwwert 20 Joer, seet de Sträichbassist Marc Demuth. Schonn am Lycée huet d'Band zesumme gespillt an eng Partie Joere méi spéit, ugefaang seriö Gigs ze spillen. Dat huet du scho gutt funktionéiert. D'Bandmembere kenne sech privat a musikalesch laang a ganz gutt, hunn ëmmer Spaass. Logesch also, datt eng richteg musikalesch Symbios tëscht deenen dräi Museker entstanen ass.

Den drëtten Album "Once in a blue moon", ass ganz melodesch, rhythmesch improvisatiounsräich, ouni sech an diverse Richtungen ze verrennen. Keng elektronesch Effekter, keng Artificen, just déi dräi Museker mat hiren dräi Instrumenter: Piano, Sträichbass a Batterie. Zwielef Tracks kommen aus der Fieder vun deenen dräi Museker, eent dovun ass eng Reprise. "Both Sides Now" vum Joni Mitchell, e Favorit vum Marc Demuth, an dem hie säi Sträichbass als Solo feature kann.

An der Mediathéik:

Blue Note / / Manuel Ribeiro
Lauschteren

Méi zum Thema

Robocobra Quartet
Aussergewéinlech Band

Bass, Batterie an zwee Saxophonen. Dat ass déi aussergewéinlech Konstellatioun vum Robocobra Quartet. D'Band vu Belfast huet en akademeschen Hannergrond. Trotzdem bleift hir Musek accessibel.

Sovereign-Face-of-your-arrogant-face
Album vun der Woch

Den obskure Rapper Scallops Hotel huet eng Zort Art-Rap produzéiert. Seng nei Plack "Soverign Nose Of (Y)our Arrogant Face" zeechent sech aus duerch Lo-Fi Hip Hop, eelef eckeg Tableaue vum Milwaukee Rapper.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen