Nei EP vun Airship81 D'Raumschëff aus der Vergaangenheet

De Paul Bradshaw huet fréier a Rockbands gespillt - leschtens bei LaFa Connected a Mount Stealth - an ass och nach ëmmer Gittarist. Bei sengem Soloprojet Airship 81 geet et awer ëm elektronesch Téin, ëm 80er Nostalgie, Exploratioun an och d'Verbindung vu Musek a visuellen Elementer. Iwwer seng zweet EP, déi de 4. Juni wäert erauskommen, huet hie mam Marc Clement geschwat.

Airship P81

"Inertia Pt.2" ass kloer d'Weiderféierung vun der Debut-EP, mee huet ee méi waarme Klang. Ëm deen huet sech de Museker selwer gekëmmert: "Selwer ze mixe war ee Challenge. Et huet een seng eege Stécker um Enn esou oft héieren, fir u klengen Detailer ze dokteren, datt een d'Connectioun zu hinne verléiert."

D'Zesummenaarbecht mam Grafikdesigner Jeff Poitiers, an déi visuell Dimensioun, déi mam Video zum neie Stéck "16th Vessel" dobäikoum, hunn dat awer erëm an d'Rei bruecht. "Inertia Pt.2" geet iwwer d'Grenze vun hirem Stil, dem Synthwave eraus a léisst méi komplex Melodien, wéi och Polyrhythmen duerchschéngen.

Lauschtert d'Gespréich hei.

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Den Nicholas Krgovich an d'Veda Hille
Nicholas Krgovich - This Spring: Songs by Veda Hille

Eng verspillten a kuriéis Vancouver Ode un eng grouss kreativ Inspiratioun. Den Nicholas Krgovich bréngt e besonnesche Coveralbum eeraus, gefëllt mat Lidder vun der Kanadierin Veda Hille, ee vu senge gréissten Aflëss.

149393871_10158387088247620_7089088048032020598_n.jpg
Because Music Matters

Bis zu 1.000 Leit sollen um Concert vum Serge Tonnar an der Rockhal den 21. Mee deelhuelen. D'Concertsserie "Because Music Matters" leeft an Zesummenaarbecht mat der Santé. D'Dr. Anne Vergison gëtt een éischten Abléck an d'Resultater, déi bis elo erziilt goufen.

352Sascha Ley & Guy Frisch.jpg
Backstage Talks

Zwee Lëtzebuerger Museker déi Limitte fuerschen, Konventioune briechen an eis gemittlech Oueren erausfuerderen. D'Sängerin Sascha Ley an de Perkussionist Guy Frisch ginn eis en Abléck an hir Aarbecht, hir Passioun an Inspiratioun.

Culture the kid
“Glass Walls” vum Culture the Kid

Mat engem Mixtape an zwee Titelen huet de Mattheo bis elo op sech a säin engleschsproochege Rap opmierksam gemaach. Seng Texter erstaunen, an doniewent stécht eng gutt Portioun Musekserfarung hanner sengem Projet.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen