Rebellion Festival Punk lieft
De Schrëftsteller Guy Helminger huet a jonke Joren zu Köln an engem Punkbistro geschafft an doriwwer de Roman "Die Ruhe der Schlammkröte" geschriwwen. D'Punkzeen huet hien ni lassgelooss, an dofir war hien elo zu Blackpool um Rebellion-Festival, deem gréissten Treffe senger Aart an Europa: véier Deeg voller Irokesefrisuren, Piercings a vu moies bis an d'Nuecht déi berühmten dräi Akkorden ...
Zu Blackpool an England leeft zanter 23 Joer de Rebellion Festival. All Joer am August kommen d'Punks an d'Skins hei zesumme fir véier Deeg laang op Concerten ze goen. De Guy Helminger ass do och ronderëm gesprongen an huet eng Musekszeen erlieft, déi nawell al ginn ass, mee nach ëmmer Pogo danzt, wann déi grouss Idoler d'Bühn stiermen. Wien hätt geduecht, dat Punk esou harmonesch kann explodéieren.