D'Planéiten Fluch oder Segen?

Mat senge Planéite konnt de Gustav Holst dee gréisste Succès vu senger Carrière feieren. A siwe Sätz beschreift hie musikalesch déi verschidde Charaktere vun den Himmelskierperen esou passend, datt seng Musek eng ganz Rei aner Komponisten inspiréiert huet. E Succès dee fir de Komponist och eng donkel Säit huet.

Luc Boentges

Gustav Holst

D'Planéite vum Gustav Holst sinn esou bekannt, an hir Wierkung ass esou grouss, datt sech eng ganz Rei Filmkomponisten dorunner inspiréiert hunn. Esou zum Beispill den John Williams, deem säin Imperiale Marsch un de Saz "Mars" erënnert.

Während sech den John Williams um Gustav Holst sengem Wierk inspiréiert huet, huet een anere Filmkomponist ganz Melodië kopéiert a gouf 2006 dowéinst souguer vun der Gustav Holst Foundation verklot. Rieds ass vum Hans Zimmer a sengem Soundtrack zum Film "Gladiator". Mee firwat passt dem Gustav Holst säi Wierk "D'Planéiten" esou gutt op d'Leinwand?

"Ech mengen et ass well et esou lieweg ass, am Sënn vun der Faarf a vum Rhythmus. Ech menge 'Mars' ass vu ville Komponisten - et kann ee scho bal soe - plagiéiert ginn. Et ass Musek mat ganz vill Energie."

Colin Matthews

Pluto - En onnéidegen Zousaz?

De Colin Matthews ass Komponist an ee vun den Direktere vun der Britten-Pears-Foundation, déi Organisatioun zu där och d'Gustav Holst Archive Project gehéiert. Doriwwer eraus gouf hien 2000 vum Kent Nagano engagéiert, fir en aachte Saz mam Titel Pluto ze komponéieren. Dëst Stéck huet den deemolege Chefdirigent vum Hallé Orchestra nach am selwechte Joer uropgefouert. Allerdéngs war net jidderee frou iwwer dësen Zousaz:

"Ech versti firwat datt verschidde Leit mengen, et wier en onnéidegen Zousaz. Mee ech hunn et genoss mech a seng Musek eranzeschaffen an ze probéieren, datt et an 'D'Planéiten' erapasst, ouni den Holst ze imitéieren."

2006 gouf de Pluto vun engem Planéit zu engem Zwergplanéit deklasséiert. Dëst stellt d'Existenzberechtegung vum Colin Matthews sengem Saz a Fro. Wéi war also dem Komponist seng Reaktioun, wéi dës Decisioun bei enger Generalversammlung vun der International Astronomical Union geholl gouf?

"Ech wousst ëmmer schonn, datt et wahrscheinlech kee wier. Souguer am Programmheft vun der éischter Opféierung hunn ech gesot, datt et just marginal e Planéit wier. Meng eege Reaktioun war mengen ech zu engem gewësse Grad Enttäuschung. Zemools elo, wou ech déi erstaunlech Fotoe vum Pluto gesinn hunn, déi e Fuerschungssatellit vun der NASA virun zwee/dräi Joer gemaach huet. Et fillt sech nach ëmmer u wéi e Planéit.

Source: NASA/Johns Hopkins University Applied Physics Laboratory/Southwest Research Institute

"Eng komesch Mixtur"

Dem Colin Matthews säi Saz gëtt zanter der Deklasséierung vum Planéit nëmme méi seele gespillt. D'Faszinatioun fir dem Holst seng siwe Sätz ass awer ongebrach. Musikalesch gesi wier d'Wierk zu enger Zäit entstanen, wou hie grad säin eegene Stil fonnt hätt - eng Mixtur vu lauter verschiddenen Aflëss. Inspiréiert hätt sech den Holst un de Komponisten Arnold Schönberg, Claude Debussy an Igor Strawinsky. Do dernieft fënnt ee souwuel englesch Volleksmusek wéi och Spuren aus der Sanskrit-Literatur a senge Wierker erëm, seet de Colin Matthews.

"Et ass also eng komesch Mixtur. 'D'Planéiten' sinn iergendwéi genee zum richtegen Zäitpunkt entstanen, wou hien alles matenee verbanne konnt, esou datt et och funktionéiert."

E Succès mat enger negativer Säit

"D'Planéiten" sinn dat bekanntst Wierk vum Gustav Holst. De Succès war esou grouss, datt seng Heemechtsstad Cheltenham am Joer 1927 e ganze Festival fir hien organiséiert huet. Natierlech dreemt all Komponist dovunner fir op d'mannst eemol am Liewen e Wierk ze schreiwen, dat esou en Erfolleg huet. Fir de Gustav Holst hat de Succès vu senge Planéiten awer och en negativen Aspekt, deen hien zum Deel och belaascht huet.

"Et stellt bal all seng aner Wierker an de Schied. An ech mengen hie selwer huet fonnt, datt et schwéier war, domadder ëmzegoen. [...] Hien ass net ganz en Ee-Wierk-Komponist, mee de Rescht vu senge Wierker ass bei Wäitem net esou bekannt, wéi et sollt."

Mee wat wier gewiescht, wann de Gustav Holst ni seng Planéite komponéiert hätt? Vläicht wier hien deem engen oder aneren an England haut nach bekannt. Am Rescht vun der Welt, wou de Gustav Holst dacks just mat senge Planéiten an de Programmhefter vun de grousse Concertshaiser opdaucht, wier hien héchstwahrscheinlech vergiess ginn.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Carl Davis
Musek a Film

De romantesche Spionagefilm "The Mysterious Lady" vum Carl Davis ass de Freideg an de Samschdeg am grousse Sall vun der Philharmonie ze gesinn. De Luc Boentges huet am Virfeld mam weltbekannte Museker geschwat.

Schumann - Burgmüller / Alexander Lonquich - Colibrì Ensemble
Klassik-CD vun der Woch

Dem Schumann säi Pianoconcerto ass ee vun deene beléiftsten a bekanntste Concerti iwwerhaapt. E steet op dësem Disk als Kontrast zu der zweeter Sinfonie vum haut onbekannten Norbert Burgmüller.

David Ianni
Den David Ianni spillt am Funiculaire

Mat sengem Projet "My Urban Piano" reest den David Ianni duerch ganz Europa. Op all Etapp verzielt hien eng aner musikalesch Geschicht. Zu Lëtzebuerg spillt de Pianist am Funiculaire.

Philharmonie 2018
Programmvirstellung

De radio 100,7 war bei der Programmvirstellung dobäi, huet mam Direkter Stephan Gehmacher iwwer déi nei Saison geschwat an huet e Bléck hannert d'Kulisse vun der Philharmonie geworf.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen