Musikalesch Visitëkaart Pit Wagner: Mat ville Genren opgewuess

Dem Lëtzebuerger Kënschtler Pit Wagner no, ass et schwiereg Musek-Genren vuneneen ze trennen. De Bommeleeërprozess, bei deem hien Skizzen gemoolt huet, vermësst hien net wierklech. Simon Larosche / fa

Pit Wagner-2.JPG

Vun Jazz a Blues iwwer Progressive Rock bis hin zu vietnamesescher Musek a Jacques Brel: De Pit Wagner seet hie wier mat ville Genrë vu Musek opgewuess. "Ech fannen d'Trennung vu Museken och schwéier ze maachen".

Ee vun de Lidder, déi de Pit Wagner fir d'Musikalesch Visitëkaart ausgesicht huet ass "21st century shizoid man" vu King Crimson", e Lidd vu 1969. "A wann een dat Lidd haut lauschtert, da fannen ech dat nach ëmmer immens aktuell."

Fir de Pit Wagner war et wichteg och eppes aus dem spuenesch-sproochege Raum an d'Emissioun matzebréngen. Hei huet den Zeechner a Moler sech fir d'Concha Buika entscheed, mam Lidd "Jodida pero contenta". "Do ass Flamenco dran, do ass och Jazz dran", esou de Pit Wagner.

De Lëtzebuerger Kënschtler huet rezent zwee Bicher erausbruecht, matt Zeechnungen an Skizzen aus dem Bommeleeër-Prozess. Dës Aarbecht wier eng grouss Erausfuerderung gewiescht. Et wier net déi selwecht Stëmmung wéi beispillsweis op engem Concert an et géing alles immens séier goen. De Pit Wagner nennt d'Zeechnen während dem Bommeleeër-Prozess: "Zeeche-Sport".

"Vermëss du de Bommeleeërprozess?", sou d'Fro vum Simon Larosche. "Op eng Aart a Weis Jo. Op eng aner Nee." Iwwert den Inhalt vun der Affär wollt de Pit Wagner sech net ausloossen. "Soss gi mer ni fäerdeg. Si gi jo och ni fäerdeg."

An der Mediathéik:

Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen