Elektronesch Musek um 100,7 Palatino FM: "Rave als Heterotopie"

Den Andrea Mancini ass bekannt als Produzent an DJ ënner sengem Kënschtlernumm Cleveland. Hien huet op Labele wéi Hivern Discs, White, Kalahari Oyster Cult oder ESP Institute Musek released. Vun e Samschdeg un huet hien eng Emissioun um 100,7, ëmmer um 21 Auer.

cleveland boiler room
Den Andrea Mancini alias Cleveland

Yves Stephany: Palatino FM ass eng nei Emissioun mat elektronescher Clubmusek. Wéi eng Beräicher leien dir besonnesch um Häerz?

Andrea Mancini: Mäi musikalesche Beräich ass éischter underground Clubmusek, aus ganz ënnerschiddlechen Zeenen. Et gëtt net nëmme UK Techno, mee zum Beispill Musek aus Däitschland oder aus Asien. Ech wäert eng villfälreg Visioun vun der Clubmusek presentéieren.

Wat muss en Track fir dech hunn, fir datt s du e spills?

E muss mech touchéieren. Ech sinn en zimmlech emotiven Typ. Fir mech sinn déi Tracks, déi am einfachsten opgebaut sinn och déi bescht.

Du bass selwer Produzent an DJ. Wann een deng Radiosemissioun lauschtert, ass dat änlech wéi wann een en DJ Set vum Cleveland géif héieren?

Am Fong ass dat schonn déi selwecht Visioun vun der Musek an déi selwecht Form vun DJ Sets. Ech wäert och puer méi thematesch Emissioune maachen, dat gëtt da vläicht anescht opgebaut. Mee prinzipiell ass et och, wat ech selwer maachen.

Et ass fir d'éischte Kéier, wou een deng Stëmm wäert um Radio héieren. Wéi fillt dat sech fir dech un, elo éier et lassgeet?

Ech sinn zimmlech gestresst an nervös, mee awer och zimmlech zouversiichtlech. Dat wäert scho goen.

Lauschters du selwer Radio?

Ech hat eng Radiosemissioun op Redlight Radio. Deen hunn ech och dacks am Background gelauschtert.

Dee gëtt et jo mëttlerweil net méi ...

Nee, dee gëtt et leider net méi. Dat ass schued. NTS lauschteren ech och heiansdo. Och fir ze diggen, also fir Musek ze sichen. Dovunner kënnt och vill Inspiratioun.

Dat wier meng nächst Fro gewiescht. Wou sichs du nei Musek? Et kënnt immens vill Clubmusek eraus, wou hält ee sech informéiert? Suivéiert ee verschidde Labelen oder verschidde Plattformen?

Et ass e Mix vu ville Saachen. Ech hu scho meng Liblingslabels, déi ech am Moment lauschteren. Mee villes kënnt och aus Diskussiounsgruppe mat Kolleegen, déi an der Musek implizéiert sinn. Also aner Museker, déi mat mir Musek deelen, déi si decouvréieren. Soss eben och Plattforme wéi NTS, wou eng Playlist steet oder heiansdo Shazam, oder och normal diggen, online oder a physesche Recordstores.

Momentan ginn et keng Partyen a keng Concerten. Et ass alles erofgefuer wéinst der Pandemie. Wéi een Afloss mengs du, datt déi sanitär Kris op d'Musek wäert hunn, Grad op d'Clubmusek? Ech hat rezent eng Diskussioun mat engem DJ, dee sot hien hätt keng Loscht méi fir Techno ze kafen, hie géif léiwer Ambient kafen, well hie souwisou net kéint opleeën. Techno géif hie momentan just frustréieren.

Et hänkt vun der Relatioun of, déi d'Leit mat der Musek hunn. Fir mech huet Musek net nëmmen en Zweck. Clubmusek ass fir mech net nëmme fir ze danzen. Ech ginn net vill eraus, mee ech lauschteren awer vill Clubmusek, well et mech inspiréiert an touchéiert. Ech menge Genrë si just Forme vu Musek. Et ass bësse Klischee ze soen "mir kënnen net erausgoen, dofir lauschtere mir nëmmen Ambient". Fir mech ass dat net de Fall, mee et bleift d'selwecht wéi virdrun. Clubmusek huet fir mech nach vill méi eng utopesch Form, well fir mech eng Rave zum Beispill eng Utopie ass, am Moment. Oder eng Heterotopie, dat heescht eng Utopie, déi et wierklech gëtt.

Produzéiers du selwer och momentan nach Musek?

Jo, mee ech sinn awer zimmlech beschäftegt mat anere Projeten, vu datt d'Kris fuerdert, datt ee sech nei erfënnt a verschiddenen anere Beräicher. Am Moment gëtt et net vill Zukunftsperspektiv an der Performance. Dowéinst hunn ech aner Projeten, zum Beispill deen heiten, als Broadcaster, oder och am Beräich vun der visueller Konscht. Am Moment maachen ech och Tracks fäerdeg, déi zanter sechs Méint do stinn. Ech gi mir och lo vill méi Zäit fir Tracks fäerdegzemaachen. Ech produzéiere schonn all Dag, mee net sou vill wéi virdrun.

Vläicht méi fokusséiert?

Et ass méi Fine-Tuning. Déi kreativ Impulser komme manner dacks, well ech méi busy sinn, mat anere Projeten. Mee ech fannen net, datt d'Kris meng Relatioun zur Museksproduktioun geännert huet.

An der Mediathéik:

Backstage / / Yves Stephany
Lauschteren

Méi zum Thema

Visuals_Shows_Rentrée_20228.jpg
Rentrée um 100,7

De Mike Tock begleet Iech vun elo u vu 18 bis 20 Auer an de Feierowend. Lauschtert déi neiste Verëffentlechungen aus Rock, Pop an Elektronika a bleift um Lafenden iwwer d'Concertsaktualitéit.

Schlofzemmerbléck
Schlofzëmmerbléck

"Schlofzëmmerbléck" - dat sinn 13 Lidder vu Lëtzebuerger MusekerInnen a Museker, déi am Confinement geschriwwen a produzéiert goufen. Den Yves Stephany proposéiert dës Momentopnam vun der Lëtzebuerger Musekszeen als Album vun der Woch.

Lagerkultur
Shared Distance

Op enger neier Quarantän-Compilatioun vu Lagerkultur kënnt déi lëtzebuergesch elektronesch Musek zum Zoch, besonnesch dee méi minimale Bord. Sechs Kënschtler bilden zesummen e koherenten a lëftege Mix.

Cleveland
Elektronesch Musek

Hie verëffentlecht op renomméierte Labelen a spillt a bekannte Cluben. Elo cibléiert hien déi grouss europäesch Festivalen. De Produzent Cleveland vertrëtt Lëtzebuerg beim Eurosonic. Ee Gespréich.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen