Metal Neie Metallica: Besser wéi erwaart

Metallica kléngt um zéngten Album erstaunlech frësch. Den Disk ass wéi e Best-Of mat enger homogener Produktioun. No engem kreativen Déif kéint de Quartett nees u méi glorräich Zäiten uknäppen.

David Wagner / ys

James Hetfield, Kirk Hammett, Lars Ulrich a Robert Trujillo
James Hetfield, Kirk Hammett, Lars Ulrich a Robert Trujillo (Foto: picture alliance / Photoshot)

Wann Dir Metallica Fans sidd, dann hutt Dir hiren Album wahrscheinlech well héieren. D'Band huet carrément fir all Lidd vun "Hardwired … To Self-Destruct" e Video erausbruecht.

Den Album ass ee gutt Stéck besser ginn, wéi erwaart. An den 90er Joren hate Metallica hir Fanbase mat "Load" a "Re-Load" an zwee gedeelt. Duerno ass net méi vill erauskomm, wat wierklech all Fan iwwerzeegt huet. Bei dësem Album dierft et nees anescht sinn.

Graff resuméiert verbënnt "Hardwired … To Self-Destruct" Riffer vu fréier, d'Heaviness vum "Black Album" an d'Rock Elementer aus der "Load" a "Re-Load" Zäit mateneen. D'Lidder hätte grad esou gutt op verschidde fréier Albume gepasst, wann d'Produktioun anescht wier. Den Opener "Hardwired" passt perfekt op "Kill Em All", "Moth Into The Flame" op "... And Justice For All", oder och nach "Dream No More", an deem et nees ëm d'mystescht Wiese vum Cthulhu geet, op de "Black Album".

Hetfield nees a Form

De Songwriting wierkt net, wéi wann ee sech extrem bei fréiere Riffer inspiréiert an dës just nei agepaakt hätt. Ganz am Géigesaz zum Virgänger "Death Magnetic". Obwuel een op "Hardwired ... To Self-Destruct" natierlech nees ganz genee erkennt, wien d'Riffer geschriwwen huet: nämlech Hetfield an Ulrich.

Ma net nëmmen doran hu sech Metallica bësse weider entwéckelt. De Sänger James Hetfield bréngt et fäerdeg, nees méi ze maachen, wéi just déi ganzen Zäit an där selwechter Tounlag ze sangen. Um neien Album ass nees vill méi Melodie am Spill. A glécklecherweis kléngt seng Stëmm duerch eng besser Produktioun och méi interessant, wéi op "Death Magnetic".

Wat op "Hardwired ... To Self-Destruct" leider feelt, si richteg gutt Soloen. Dacks wierken d'Gittare forcéiert, well een ebe grad op där Plaz e Solo wollt hunn. Et gouf sech wéineg Gedanken iwwert Progressioun an Emotioun gemaach. "Genuddels" trëfft et bei deene meeschte Soloe wuel am beschten.

Verdikt: Gutt, bis op d'Soloen

Dovun ofgesinn ass "Hardwired ... To Self-Destruct" awer deen Album, op deen d'Fans wuel zënter dem "Black Album" gewaart hunn. De Songwriting stëmmt dës Kéier. Et ass een Album mat engem gesonde Mix aus séieren, aggressiven a méi schwéiere mid-tempo Stécker, mat vill Melodie a guddem Gesank. Dat eenzegt, wat den Album hätt kënnen nach besser maachen, wiere besser Soloen.


"Hardwired ... To Self-Destruct" war den 19. November den Album vun der Woch bei Metal Meltdown.

An der Mediathéik:

Metal Meltdown / / David Wagner
Lauschteren

Méi zum Thema

Jim James
Funk a Soul

"Eternally Even" heescht dem Jim James säin zweete Solo-Disk. Hei léisst hien dem Soul fräie Laf a presentéiert eng politesch Plack, déi vun R&B an astralem Funk duerchdrongen ass.

Entombed
Entomdeb A.D.

Déi schwedesch Band "Entombed" huet sech 2014 nei forméiert an nennt sech zanter deem "Entombed A.D." D'Formatioun huet ënnert anerem en neie Gittarist. Huet sech domat vill geännert?

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen