Maddy - Cool Nei Single, neie Projet

Ee ganz neie Projet stelle mir Iech vir. Eng Single mat engem funkege Groove an engem iwwerraschende méistëmmege Gittarenintermezzo setzt dofir den Toun. De jonke Museker, deen hanner dem Numm Maddy stécht, Matheus Wojda mam biergerlechen Numm,a Museksstudent zu Amsterdam, hat de Marc Clement kierzlech am Gespréich.

Marc Clement / cbi

Maddy

Funky R&B Projete vun där méi heller Klangfaarf ginn et net vill zu Lëtzebuerg. Ee jonke Lëtzebuerger Museksstudent zu Amsterdam huet de Mangel gespuert an op eng laang verspierte Loscht hi gehandelt. Déi éischt Single "Cool" wuermt sech mat hirer melodescher Bass an engem ausgeklügelten Arrangement an d'Ouer a klengt ganz frësch.

Mateus Wojda heescht de Mann hanner der Musek, fréier Bassist bei All The Way Down, enger punkeg-rockeger Band vu Wolz, déi och deemools schonn a wéinstens engem Song eng kleng Funk-Allusioun prett hat.

Méi gëtt et op der neier Plack vum Tommek ze héieren, wou de Mateus op engem Song mat derbäi ass, bei der Band La Bofia an op der zukünfteger Release vu sengem fréiere Bandkolleeg, Don Piano, dee kierzlech bei de Crazy Quarantine Sessions opgetaucht war. Affaire à suivre.

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Schlofzëmmerbléck Autumn Sweater
Schlofzëmmerbléck

Lëtzebuerger Museker a Bands schreiwe Lidder aus der Quarantän fir de radio 100,7. Dräimol an der Woch gëtt en neie Song virgestallt. D'Contributioun vun Autumn Sweater heescht "Half of March".

Francis of Delirium Schlofzëmmerbléck
Schlofzëmmerbléck

D'Annulatioun vun alle kulturelle Manifestatiounen huet dozou geféiert, datt vill MusekerInnen eleng doheem sinn. De radio 100,7 huet 13 Lidder an Optrag ginn. Deen éischte Song kënnt vu Francis of Delirium.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen