Bidule Nei Musek vum Kuston Beater

De Kuston Beater, mam richtegen Numm Christophe Peiffer, ass e Miwwelstéck vun der Musekszeen, am beschte Sënn.

Marc Clement / cbi

Kuston Beater

Als DJ montert hien ëfters de Public vun de Rotonden op, als Grafiker gëtt hien zanter Jore fir seng Kreativitéit geschat, als Museker a Klangtüftler huet hien eis 2011 en Album mat op de Wee ginn. De Kuston, dee sech selwer als grousse Procrastinateur beschreift, schwätzt iwwer déi op Vinyl gepresste Fruucht vun aacht Joer d'Welt-op-sech-wierke-loossen.

Instrumental elektronesch Musek. Wa Stëmmen, da gesampelter oder synthetescher, esou weist sech déi nei Plack. "Ech hätt kéinten eng duebel Plack maachen, bei all deem Material, dat ech hunn. Meeschtens geet et mir duer, meng Songs einfach online ze setzen, op Bandcamp zum Beispill. Et war mäi Label Chez Kito Kat, dee mir konkret en Album gefrot huet."

D'Confidentialitéit vu senge Releasë stéiert de Kuston Beater net, am Géigendeel. "Ech si kee Bühnendéier, dofir drécken ech mech bei der Unerkennung net vir. Am Fong stinn ech léiwer bei den Decks, wéi datt ech meng eege Lidder spillen".

Dëse Freideg bei der Release wäert hien den Trac hunn, an heiansdo freet hie sech, firwat hie sech iwwerhaapt zwéngt, live opzetrieden. Dat hält eis net dovun of, eis iwwer d'Musek ze freeën. Stiléierten Elektro am Stil vu Monsieur Flash oder Tiger Sushi, urban a raffinéiert, e Freideg den Owend an de Rotonden. Am Virprogramm gëtt et Mr. Bios vu Metz.


Méi zum Thema

Komfortrauschen
Sonic Visions

"Mir sinn am Fong Instrumentalisten, déi den Techno entdeckt hunn", seet de Philipp Oertel vu Komfortrauschen. Live ass et beandrockend, dat bal maschinell präziist Spill gelieft viru sech ze gesinn.

Pedro Winter
Sonic Visions

De Pedro Winter ass Besëtzer a Manager vun Ed Banger Records, Architekt vun Daft Punk an Justice. Et géif ee sech en Entrepreneur mat engem sechste Sënn erwaarden. Amplaz fënnt een e passionéierten Ex-Skater.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen