Wéi den Donald Trump gewielt gouf, huet d'Natalie Prass hire bal fäerdegen Album verworf a nach eemol vu vir ugefaangen. Den amerikanesche President, dat muss een him loossen, huet schonn erëm ee grousst Stéck Musek inspiréiert. Vill Lidder op dem neien Album handelen dohier vun der Sängerin hirem Schock a vun der doraus entstanener Indignatioun. "Oh my", sou heescht och dat éischt Lidd.
Lëftege Pop an awer politesch engagéiert Texter
Ze dinn hu mir et op där enger Säit mat lëftegem 90er Pop à la Janet Jackson an Paula Abdul. Op der anerer Säit héiere mir eng Sammlung vun zum groussen Deel politesch engagéierten Texter, wéi se schonn eng Joni Mitchell oder Joan Baez geschriwwen hunn.
Fir d'Produktioun huet d'Natalie Prass sech erëm op de Matthew E. White verlooss, deen zu Virginia de Spacebomb Studio mat hauseegener Band opgebaut huet. Déi zwee beméie sech manner ëm en authentesche Retro-Sound, mä vill méi ëm eng zäitlos Produktioun. Der amerikanescher Sängerin hir fragil Stëmm sëtzt Akzenter a gëtt och heiansdo duerch e Chouer gedroen.
Gefill vun Zesummenhalt als Kärelement
"We'll take you on, we can take you all" - mir huelen iech op, sou ass de Message un all déi, déi sech der Natalie Prass hirem Protest géint ondemokratesch Zoustänn uschléisse wëllen. Iwwerhaapt ass et d'Gefill vun der Solidaritéit, wat den Album zesummenhält. Och op d'Rechter vun de Frae geet d'Natalie Prass mam Stéck "Sisters" an. An engem bal Gospel-aartege Mantra rifft si zum Zesummenhalt op.
Déi nei Plack evoquéiert effektiv déi eng oder aner Funk- oder Soullegend, ouni awer verstëbst oder muffeg ze klengen. Ganz onpretentiéis a mat vill Léift zum Detail gi verschidde Genren tangéiert, ëmmer präsent sinn e funky Beat, en onopdrénglech drockvolle Bass an der Prass hir onverkennbar Stëmmfaarw. Am jazzeg ugehauchte Song "Ship Go Down" léisst déi faméis Spacebomb-Band sech souguer zu engem klengen Jam verleeden. Och fir eng rengrasseg Popschnulz ass sech d'Natalie Prass net ze schued. Den eenzege klenge Lapsus ënnerleeft hir mat "Far from You" - engem Lidd iwwer hiert grousst Virbild Karen Carpenter. Dat klengt da leider awer e bëssen ze vill no Disney.
"The Future And The Past" ass eng ganz ronn Affär: Et huet genuch Wuppes, fir drop ze danzen, a genuch Usproch, fir och méi héijen Erwaardunge gerecht ze ginn.