L'Eclair - Schwäizer Groove an de Rotonden Muusseg Blëtzer

L'Eclair ass e Sextett vu Genf, deen een op den éischte Bléck géif an dee selwechten Tirang werfe wéi aner Proto-Groove-Bands à la Khruangbin, Orions Belte, oder Altin Gün. Formtrei kënnen déi Sechs dann och all Längt vu Concert assuréieren, esou groussaarteg kënne si all Song op der Bün an eng endlos, inspiréiert Jam verwandelen.

Marc Clement / cbi

L'Eclair
Foto: © L'Eclair / Lukas Kellenberger

E Freideg den Owend gëtt et an de Rotonden eng gutt Portioun dovun, mee och Songs vun engem neien Album, dee sech als een zimmlechen Opus ofzeechent.

"Fir d'Plack konnte mir eis wéinst der Pandemie ee ganzt Joer Zäit huelen, wat soss ni geschitt wier. Si kënnt am November eraus an 2021 verdeedege mer en an Europa an an de Staaten. Duerch déi Musek, déi mir mat L'Eclair erausbréngen, hoffe mir, weider Kollaboratiounsméiglechkeeten opzemaachen, a weiderhi Genren ze duerchbriechen. Mir wëllen ouni Grenze mat Hip-hop-, Dance-, Pop- a Rockmuseker zesummeschaffen."

Am Gespréich mam Gittarist Stefano Lilov kommen nach aner Ambitiounen an Errongenschafte vu L'Eclair op d'Tapéit: een Drang, der Musek vun haut hire Stempel opzedrécken, an dat och mat Kollaboratiounen, Session- a Produktiounsaarbecht.

"D'Museksproduktioun ass eis Bestëmmung. Mir gesinn eis Plaz am Schied vun der Musekswelt, als Produzenten, als eng Band, déi ee rifft, fir ee Laptop duerch richteg Instrumenter ze ersetzen. D'Live-Spille maache mir, fir d'Leit un d'Danzen ze kréien, a fir eis een Numm ze maachen. Lauschtert l'Eclair eemol live, an duerno op der Opnam, et sinn zwou verschidde Saachen."

E wéineg vun dem neie Material ass schonns an de Live-Set agefloss a wäert den Donneschden, 5. August ab 8 Auer an de Rotondë gespillt ginn. Billjeeë ginn et op rotondes.lu

An der Mediathéik:

Backstage / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Francis-of-Delirium - Orchestral Session
Congés Annulés

Der Jana Bahrich hir Grunge-Emo-Stécker kréien e Samschdeg an de Rotonden geschmeideg harmonesch Ënnerstëtzung. Sträicher, Vibraphon a Bléiser blose frësche Wand an hir intim Kompositiounen.

Net verpassen

Programm

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • On air

    Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen